Skip to main content

Stagen

Een Häerzstéck an der schoulescher Ausbildung vun den zukünftegen Educateuren*tricen am LTPES si sécher déi Perioden, wärend deenen eis Schüler*innen am Stage sinn. Fir dës Perioden ubidden ze kënnen, brauche mir engagéiert, qualifizéiert a motivéiert Institutiounen an Tuteuren*tricen, déi sech bereet erklären, eis Schüler*innen op hirem Wee zum Éducateur, zur Éducatrice oder zum Agent socio-éducatif ze begleeden.
GED-Schüler*inne komme mat 17 oder 18 Joer bei eis an de Lycée, nodeems si eng 3e-Klass ofgeschloss hunn, DAP-Schüler*innen am Alter vu 15 oder 16 Joer, nodeems si eng 5e erfollegräich ofgeschloss hunn. Fir dës Schüler*inne beschtméiglechst op de polyvalente Beruff vum Erzéier oder der Erzéierin virzebereeden, bidde mir hinnen Stageméiglechkeeten an méiglechst ville Beräicher vun der sozialer an edukativer Aarbecht un, an zwar a Crèchen, a Maisons Relais’en, a Jugendhaiser, a Précoce-Klassen (Cycle 1.0 vum EF), an Altersheemer, a Wunngruppe fir Mënsche mat enger Beanträchtegung, op Aarbechtsplazen fir Leit mat enger Beanträchtung, an a ville weideren Institutiounen.
Eis GED-Schüler*innen absolvéieren an deenen eenzelnen Ausbildungsjoren Stagen an ënnerschiddlechen Aarbechts- an Tätegkeetsberäicher, déi awer vun den Ufuerderungen hir openeen opbauen. Si erméiglech de d’Schüler*innen a Student*innen ze léieren, Theorie a Praxis mateneen ze verbannen.
Op der 2GED maachen d’Schüler*innen insgesamt 9 Wochen Stage, op der 1GED 6 Wochen Stage an op der Terminale 1SGED 11 Wochen.
Am DAP Éducation ginn d’Schüler*innen haaptsächlech ausgebilt fir d’Aarbecht mat Kanner. Hei ass, ausser am 1. Semester, all Semester ee Stage vu 6 Wochen an Aarbechtsfelder bei Kanner oder jonke Jugendlechen virgesinn.

D’Organisatioun vun de Stagen leeft iwwert den hausinterne Manager-Programm.
An dëser Rubrik fannen d’Institutiounen an d’Schüler*innen a Student*innen den Accès zum Manager-Programm esou wéi all néideg Ënnerlagen ewéi d’Handbicher fir all Joergank, d’Toolbox a Villes méi.

LTPES Programme „Manager“

Léif Schüler*innen a Student*innen, hei fannt Dir Ären Zougank zum Manager-Programm.

Downloadberäich fir Stagen Handbicher etc.

Léif Partnerinstitutiounen, léif Enseignanten, léif Schüler*innen a Student*innen, Dir fannt hei déi néideg Dokumenter fir d'Stagen, klasséiert no de jeeweilegen Schouljoren.

2GED

Manuel de stage FR

Manuel de stage DE

Toolbox FR

Toolbox DE

Réunion d’information pour tuteurs et tutrices 2GED 22/23


1GED

Manuel de stage FR

Manuel de stage DE

Toolbox

Présentation Powerpoint de la réunion pour tuteurs 1GED


1SGED

Manuel de stage FR

Manuel de stage DE

Toolbox

D'Student*innen kënnen d'Toolbox vun der 1GED fir d'1SGED weiderhi benotzen.

Erasmus+: Mobilités à l’étranger

Les élèves du LTPES (2GED, 1GED et 1+GED-terminale) font des stages de formation à l’étranger, dans le cadre du programme communautaire “Erasmus +“. Le LTPES coopère avec de nombreuses institutions sociales, éducatives et culturelles étrangères.

Office de la pratique professionnelle

Den Office de la Pratique Professionnelle, och « Stagebüro » genannt, ass zoustänneg fir de prakteschen Deel vun der Ausbildung vum Educateur a fir Alles verantwortlech, wat mat de Stagen ze dinn huet (Stageverdeelung,
Reunioune vun den Tuteuren*tricen a vun den Enseignanten an der Pratique professionnelle (PRAPR), Probleemer am Stage, LTPES Manager, Noschaffen am Stage).

De "Stagebüro" ass all Dag (op mannst) op vun 8h00 – 12h00 (ausser mëttwochs vun 8h00 – 11h30).