Projet d’Établissement: Är Meenung zielt!
| News LU
Den 8.Oktober huet de Projet d’Établissement De Raum als 3. Erzéier:in am Kader vun der Semaine de la Santé mentale eng Ëmfro bei de Schüler:inne gemaach. Wärend de SePAS gréng Schläifen als Zeeche vun der Akzeptanz vu psycheschen Erkrankunge verdeelt huet, konnte mir eis Schüler:innen och froen, wéi si sech am Schoulgebai erëmfannen, ob si d’Sëtznischen notzen a wat d’Schoul fir hiert Wuelbefanne maache kann.
Bei engem Kaffi an engem klenge Snack hu mir vill flott Iddie gesammelt.
E grousse Merci fir är Participatioun! Elo kucke mir, wat mir dovunner ëmsetze kënnen.


