Skip to main content

Service socio-éducatif (SSE)

D’Aarbecht vum Service socio-éducatif (SSE) ass immens villfälteg, woubäi de Schüler*in a Student*in ëmmer am Mëttelpunkt vun hirem Handele steet.
Dem edukativem Personal vum SSE ass et wichteg der Stëmm vum Schüler*in a Student*in nach méi Gewiicht am Lycée ze verschafen. Aus dësem Grond ass den SSE a sëllege Comitéen/Cellullen a Gremie vertrueden.

Den Austausch an d’Bezeiungsaarbecht mat de Schüler*innen a Student*innen ass d’Basis fir sie duerch hiren Alldag ze begleeden, si ze motivéieren an ze guidéieren, wann hinne Schwieregkeeten op hirem Wee begéinen. Den SSE encouragéiert déi jonk Erwuessen a kann hinnen a ville Momenter a Situatiounen eng passend Hëllefsstellung ubidden.
Duerch hir berufflech Erfarungen a Kontakter mam Terrain ass den SSE staark an der Schoulentwécklung souwéi an der Zesummenaarbecht mat externe Partner aus dem sozialen an edukativem Beräich agebonnen.

Zesummen mat der Direktioun organiséiert den SSE de breetgefächerte Beräich vun de péri- a parascolairen Offere vum LTPES.

Portrait: DEVAQUET Andy

DEVAQUET
Andy

SSE
Educateur/trice gradué/e
 
Portrait: MICHELS Nadine

MICHELS
Nadine

SSE
Educateur/trice gradué/e
 
Portrait: WATRY Steve

WATRY
Steve

SSE
Educateur/trice