Skip to main content

Autres comités et cellules

Cellule de développement scolaire

D'Cellule de développement scolaire (CDS) setzt sech aus Membere vun der Direktioun, dem (Enseignants)Personal an engem oder méi SchiLW-Delegéierten zesummen (SchiLW = Schulinterne Lehrerweiterbildung).

Hiert allgemengt Zil ass et, d'Schoulqualitéit weiderzëentwéckelen, andeems si een oppent Ouer fir d'Enseignanten, d'Schüler*innen an d'Student*innen an hir Elteren an d'ganzt Personal huet. D'Haaptaufgabe vun der CDS bestinn dran, d'Donnéeë vum Lycée ze analyséieren an ze interpretéieren, déi wichtegst Besoinen ze identifizéieren, Strategie fir d'Schoulentwécklung ze definéieren, ze koordinéieren an de Suivi vun hirer Ëmsetzung ze maachen, esou wéi de Lien mat alle Schoulpartner ze garantéieren.

Commission d'inclusion scolaire (CIS)

D'Commission d'inclusion scolaire (CIS) entscheet iwwer d'Betreiung vu Schüler*inne mat spezifeschen edukativen Besoinen. D'CIS këmmert sech ëm d'Erstelle vu perséinlechen Dossieren fir déi betraffe Schüler*innen. D'Direktesch benennt fir all betraffen*e Schüler*in eng Personne de référence.

No der Bewertung vun de Besoinen vun dem*r Schüler*in oder Student*in ginn him*r Ënnerstëtzungsmoossnamen virgeschloen (schoulesch Ënnerstëtzung, Ënnerstëtzung op perséinlecher, zwëschemënschlecher a sozialer Ebene, Aménagements raisonnables a.a.).

D'CIS beréit d'Direktesch bei der Ëmsetzung vun den Aménagements raisonnables a proposéiert gegebenenfalls d'Commission des Aménagement Raisonnables (CAR) mam Dossier ze befaassen. Si kontrolléiert d'Ëmsetzung vun den Amenagementer.

(Source: Loi du 29 août 2017 portant sur l’enseignement secondaire)

Déi aktuell CIS setzt sich folgendermoossen zesummen:

Claudine MULLER (Präsidentin)
Klaudio PERSURIC (Member)
Pascale WIETOR (Member)
Jill Diederich (Member)
Claire SCHAMMEL (Member)
Andy DEVAQUET (Member)
Pierrette MAAS (Member, Vertriederin vun den CC)
Valentine Claude (Member, Vertriederin vun der Schoulmedezin)

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Cellule d’orientation (CO)

Et ass d’Aufgab vun der « Cellule d’orientation » (CO) d‘Schüler*innen ze informéieren, ze begleeden, ze beroden an ze orientéieren. Deen heite Film erkläert méi genee, wéini e*eng Schüler*in sech un d’CO wende kann a wéi Kontakt opgeholl ka ginn.

Déi aktuell CO setzt sich folgendermoossen zesummen:

  • Wagener Marie-Pierre (Coordinatrice, Enseignante)
  • Brito Ramos João (SePAS)
  • Devaquet Andy (SSE)
  • Dos Santos Batista Bianca (Enseignante-stagiaire)
  • Hubert Maryse (Enseignante)
  • Jadin Anouk (Directrice adjointe)
  • Kandel Sylvie (Enseignante)
  • Kieffer Paul (Enseignant)
  • Klepper Anne (ESEB)
  • Michels Nadine (SSE)
  • Milbert Léa (Enseignante-stagiaire)
  • Watry Steve (SSE)
  • Zians Nicole (Enseignante)

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Équipe de postvention

Am Fall wou eis Schoulcommunautéit mat engem onerwaarten, plëtzlechen Doud vun engem*r Schüler*in oder vun engem Member vum Personal konfrontéiert gëtt, gëtt d’Equipe de Postvention (EPV) aktiv a leet déi néideg Demarchen an d‘ Weeër fir optimal ze reagéieren an d’Schoulcommunautéit esou gutt wéi méiglech ze begleeden.

Mat der Instruction ministerielle (IM) vum 23. Juli 2020 ass all Lycée dozou verflicht eng Ekipp de postvention op d‘Been ze stellen.

D ‘Memberen vun der EPV sinn zum jëtzegen Zäitpunkt:
ServiceMembre effectifMembre suppléant
Direction
MULLER Claudine
JADIN Anouk
SePAS
MAJERUS Sylvie

LOOR Cathia

Service Socio-Éducatif
WATRY Steve

DEVAQUET Andy

Enseignant·e·s
JEZEK Catherine
WAGENER Marie-Pierre

GENGLER Carine
SCHEER Jana
SPINOSA Giuseppe

Administration
SCHIRTZ Monique

STEINMETZ Jeanne

Service technique
PFEIFFENSCHNEIDER Guy

STROTZ David

Comité de sécurité
PERSURIC Klaudio

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Équipe de Formation continue interne des enseignant(e)s (SchiLW)

D'Basis vum SchiLW-Konzept (Schulinterne Lehrer-Weiterbildung) geet zréck op d'Joer 2006. Wärend déi geleefeg IFEN-Fortbildungen d'perséinlech berufflech Entwécklung viséieren, baséiert de SchiLW-Projet sech op d'Iddi vun enger "léirender Schoul", déi duerch déi systematisch Integratioun vu schulinterne Fortbildungen ëmgesat gëtt. De Schwéierpunkt läit dobäi op dem gemeinsame Léieren als Team duerch d'Partizipatioun u moossgeschneiderten, schoulinterne Fortbildungen am "eegene" Schoulgebai. Mat partizipativ an der Schougemeinschaft entwéckelten Ziler, z. B. am Kader vum Schoulentwécklungsplang (PDS), dem Projet d'établissement oder anere Projeten, stellt d'SCHiLW-Konzept domat een zentraalt Element vun der Schoul-, der Unterrëchts- an der Personalentwécklung duer. Heifir ass eng kontinuiirlech Erfaassung vun de Kompetenzen, déi do sinn, a vun deenen, déi et nach ze entwéckele gëllt, esouwuel um Niveau vun der Beleegschaft ewéi och um Niveau vun der Direktioun, indispensabel.
Déi intern Koordinatioun vun deenen eenzelne Fortbildungsprojeten erméiglecht et engersäits, Fortbildungen unzebidden, déi op déi spezifisch Besoinen vun der eenzelner Schoul zougeschnidde sinn, an anerersäits eng direkt Bedeelegung vum Personal un der laangfristeger Entwécklung vun der Schoul ze erméiglechen.
D'SchiLW-Dlégué(e)ën vum LTPES hunn d'Aufgab, déi schoulintern Weiderbildung am LTPES ze koordinéieren.

Déi aktuell SchiLW-Déléguéeë sinn:
Jana GORGE
Valerie RASSEL

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Nohaltegkeetskommitee

Op Initiative vun enger Enseignante ass virun e puer Joer ee Fairtrade-Kommitee gegrënnt ginn; séier ass den LTPES zur offiziell zertifiéierter Fairtrade-Schoul ginn. Aus dem Fairtrade-Kommitee vun deemools ass fir d’Rentrée 2019/2020 den Nohaltegkeetskommitee entstanen. Dëse Kommitee verfollegt weiderhin d'Zil, fir d’Thema fairen Handel ëmmer am A ze hunn, mee zousätzlech och nach aner Aspekter vun der Nohaltegkeet ze thematiséieren an eng méiglechst nohalteg Approche am ganze Lycée ze bewierken.