Skip to main content

Symposium zur Beweegungserzéiung 2023 - Dir kënnt Iech elo aschreiwen!

| News LU
Och dëst Joer wäert den LTPES erëm zesumme mat elisabeth.lu, der ENEPS a GIMB de Symposium zur Beweegungserzéiung organiséieren. Mierkt Iech dofir elo schon den Datum vir!

De Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmmen Sport? Sport, méi ewéi nëmmen Beweegung?” beschäftegt sech mam Wierkungsgeflecht vu Beweegung a Sport am Kontext vun der ganzheetlecher Entwécklung bei ganz klenge Kanner, bei Kanner a bei Jugendlechen a verfollegt d'Zil, d’Akteuren am Beräich vun der Beweegungsförderung ze ënnerstëtzen.

De positiven Afloss vu Beweegung a Sport op déi kierperlech, sozial, psychesch-emotional a kognitiv Entwécklung kann net méi vun der Hand gewise ginn. An deem Sënn soll d’Erausfuerderung ugeholl an dem Beweegungsmangel an deenen domat zesummenhängende gesondheetleche Probleemer entgéintgewierkt ginn, andeems d’Loscht un der Beweegung an de Spaass um Sport vu klengem un an iwwer déi verschidde Liewensspannen an de Mëttelpunkt geréckelt ginn.

An der Editioun vun dësem Joer wäert de Prof. Dr. Dr. Stefan Schneider mat dem Keynote-Virtrag zum Thema „Von Kindern und Kosmonauten – neurokognitive Effekte von Sport und Bewegung im Lebensverlauf“ op d’Bedeitung vum Sport an der Beweegung fir déi kognitiv Entwécklung, déi mental Leeschtungsfähegkeet an d’Stressresilienz agoen. De Programm gëtt vervollstännegt duerch eng grouss Zuel vun inspiréierende Virträg a Workshope vun nationalen an internationalen Experten an der Beweegungsförderung, déi Ureegung fir Diskussiounen, Austausch a Vernetzung gi sollen.

Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl diffuséiert.

De Symposium fannt Dir och am Weiderbildungsprogramm vum IFEN an d'Participatioun um Symposium gëtt als Deel vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm vum Service national de la jeunesse (SNJ) unerkannt.

Umelle kann een sech iwwert folgend Linken: