Skip to main content

Inscriptiounen fir d'Passerelle SO

| News LU
D'Inscriptiounen fir d'Passerelle SO sinn elo méiglech. D'Admissiounen ginn als Admissions conditionnelles ausgeschwat op der Basis vun candidature sur dossier. D'Zuel vun de Plazen ass limitéiert.

De Bewerbungs-Dossier muss folgend Pièces enthalen:

- Bewerbungsformulaire
- Passfoto
- Motivatiounsbréif, aus deem d'Grënn ervirginn, déi d'Kandidatin oder de Kandidat dozou derzou beweegt hunn, fir de Beruff vum Erzéier oder vun der Erzéierin unzestriewen
- Kopie vun der Zensur 1GSO (1. an 2. Semester)
- Diplôme de fin d’études secondaires (oder eng Preuve de réussite des examens)
- Curriculum vitae
- Rezent Extraiten aus demCasier: Bulletin N°3 a Bulletin N°5

Primaner vum aktuelle Schouljoer 2022-23 musse bis spéitstens den 12. Juli eng Kopie vun der Zensur vum 2. Semester souwéi eng Copie conforme vun hirem Diplôme de fin d’études ofginn.

Nëmme komplett Bewerbungs-Dossiere gi fir d'Auswahlprozedur consideréiert.

Eng gewësse Beruffs- oder Praxiserfarung gëtt virausgesat.

All weider Informatiounen sinn dem Bewerbungsformulaire ze enthuelen.

Délai d’inscription: Donneschdeg, 22. Juni 2023

Download