Skip to main content

Porte ouverte 2023

| News LU
De 17. Mäerz 2023 huet den LTPES seng „Porte ouverte“ vu 17 Auer bis 20 Auer organiséiert. D’Veranstaltung, op där ongeféier 500 Leit zesumme komm waren, war e groussen Erfolleg. Informatiounen zu den Erzéierstudien an de verschiddene Fächer, Visitte vum Gebai an éischt Kontakter mat eise verschiddenen Servicer goufen ugebueden. E grousse Merci un eis Schüler a Schülerinnen, Studenten a Studentinnen, un eis Enseignanten an un d’Membere vum techneschen, administrativen, edukativen a psycho-soziale Personal, déi all matgehollef hunn dëst Event esou flott ze gestalten.