D’Ofschlossevent vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/tricen-Ausbildung
| News LU
D’Ofschlossevent vum 50. Anniversaire vun der Educateurs/tricen-Ausbildung ënnert dem Motto
50 Joer Erzéien als Beruff
fënnt den 10. Dezember 2024 am Restaurant A Guddesch zu Biereng/Miersch a Form vun enger Konferenz mat engem uschléissende Soziale Stamminee statt. All déi wichteg Informatioune fannt Dir um Flyer.
Hei eise Line up fir d’Table Ronde:
Moderatioun:
- Maxi Pesch: Journalistin bei 100,7
- Pascale Worré : Promovéiert Philosophin an Attachée à la direction am LTPES
Invité(e)ën:
- Prof. Dr. Veronika Verbeek: Autorin vum Buch: „Die neue Kindheitspädagogik- Chancen, Risiken, Irrwege”
- Thomas Köhl: Directeur adjoint vun Arcus asbl
- Michèle Schilt: Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung
- Claudia Dias: Bachelor en Sciences sociales et éducatives
- Pol Piret : Chargé de direction vum Butzenhaus - Inter-action asbl
- Cynthia Gonçalves : Conseillère socio-pédagogique am SEA Lënster Päiperlék asbl
Dir musst deen Owend och keen Honger leiden, well de Soziale Stamminee mat engem Buffet vum Restaurant A Guddesch encadréiert gëtt.
Mellt Iech bis de 4. Dezember iwwert dëse Link oder de QR-Code um Flyer un an maacht Iech bäi, well d' Platzen si begrenzt https://forms.office.com/e/Ndea55S6BD
Mir freeën eis op Iech!