Dag vum Gesellschaftsspill 🎲

| News LU

Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen zu Lëtzebuerg hat den LTPES e Samschdeg, den 9. Mäerz 2024 den Dag vum Gesellschaftsspill organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung de Spaass um Spill vun den Erwuessenen a Jugendlechen. De Spaass um Spill ze kennen an ze vermëttelen an d’Spill wäertzeschätzen ass einfach, wann een de Spaass um an de Wäert vum Spill selwer erlieft!

Merci all eisen externe Partner a Frënn esou wéi eise Schüler*innen, déi eis ënnerstëtzt hunn.