Skip to main content

Symposium 2024

Déi 3. Editioun vum Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmmen Sport? Sport, méi ewéi nëmmen Beweegung?” am LTPES mat der Participatioun vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Gesondheetsministesch Martine Deprez war erëm ee grousse Succès. De Symposium huet sech nees mam Wierkungsgeflecht vu Beweegung a Sport am Kontext vun der ganzheetlecher Entwécklung bei ganz klenge Kanner, bei Kanner a bei Jugendlechen mam d'Zil, d’Akteuren am Beräich vun der Beweegungsförderung ze ënnerstëtzen. De Schwéierpunkt luch dëst Joer um Volet “Raum fir Beweegung” an déi vernetzte Gemeng, déi iwwerall Beweegung fördert.

De positiven Afloss vu Beweegung a Sport op déi kierperlech, sozial, psychesch-emotional a kognitiv Entwécklung ass ëmstridden. An deem Sënn soll d’Erausfuerderung ugeholl an dem Beweegungsmangel an deenen domat zesummenhängende gesondheetleche Probleemer entgéintgewierkt ginn, andeems d’Loscht un der Beweegung an de Spaass um Sport vu klengem un an iwwer déi verschidde Liewensspannen an alle Liewensberäicher an de Mëttelpunkt geréckelt ginn.

Dëst Joer ass de Prof. Dr. Rolf Schwarz vun (Pädagogische Hochschule Karlsruhe) mat dem Keynote-Virtrag zum Thema „Eine Reise durch die vernetzte Kommune: Vom Spielplatz, zur Betreuungseinrichtung, zum Sportverein, zur Schule“ op d’Ufuerderungen un d’Ëmwelt, fir déi spezifisch Entwécklungsbedürfnisser optimal opzegräifen a raimlech ëmzesetzen, agaangen. Duerno stoungen eng grouss Unzuel un inspiréierende Virträg a Workshope vun nationalen an internationalen Experten an der Beweegungsförderung um Programm.

Nodeems déi bal 200 Participanten mat vill Engagement un deene sëllechen Atelieren deelgeholl haten, gouf de Symposium duerch eng flott Zirkuspräsentatioun vum Emilie, vum Mia a vum Finn ënnert der Leedung vum Jorge Pinto ofgeschloss.

  • Hits: 24

Noexamen 2024 – Gratulatiounen un all Laureaten

Den 02.10.2024 konnte mir eise Schüler*inne gratuléieren, déi hir Noexame gepackt hunn. Fir si hu mir eng Mini-Diplomiwwerreechung organiséiert, op der si hiren Diplom iwwerreecht kruten.

Fir vill vun de Jonken ass den Ofschloss vun der Première just den Ufank vun hirem akademeschen oder beruffleche Wee. Hiren Erfolleg weist, datt si bereet sinn, nei Erausfuerderungen unzehuelen a weider op hir Ziler zou ze schaffen.

Léif Laureaten, mir wënschen Iech alles Guddes fir Är berufflech a perséinlech Zukunft. Gitt mat Courage, Vertrauen an Optimismus an déi nächst Etapp vun Ärem Liewen. Egal wou äre Wee Iech hiféiert, denkt drun, datt Dir ëmmer eise Stolz an e wichtege Bestanddeel vun der LTPES-Famill bleift.

Mir freeën eis och iwwert all déi Student*innen, déi sech decidéiert hunn, weiderhin an eisem Lycée fir eng 1SGED ze bleiwen an ënnerstëtzen si gäre weiderhin op hirem Wee fir Educateur*trice ze ginn!

  • Hits: 73

Gratulatioun un d’ Diploméiert vum LTPES 2024!

Mat grousser Freed gratuléiert d'Schoulgemeinschaft vum LTPES all eise Schüler_innen a Student_innen, déi dëst Joer hiren Diplom krut hunn!

Dësen aussergewéinleche Moment markéiert de Schluss vun engem bedeitende Kapitel an hirer akademescher Rees a gläichzäiteg den Ufank vun neien a spannende Méiglechkeeten. Hir haart Aarbecht, hiren Engagement an hire Wëllen hunn sech bezuelt gemaach, a mir si stolz op all eenzele vun eise Schüler_innen a Student_innen.

D’Justizministesch Elisabeth Margue an den Educatiounsminister Claude Meisch hunn den  04.07.2024 respektiv den 08.07.2024 un eise Feieren deelgeholl. De Claude Meisch huet d’Diplomer un eis 1SGED- Student_innen an d’Madame Elisabeth Margue un eis 1GED-Schüler_innen iwwerreecht. D’Präsenz vum Här Minister Claude Meisch a vun der Madame Minister Elisabeth Margue ënnersträichen d’Wichtegkeet vun den Errongenschaften an déi héich Unerkennung vun de Schüler_innen a Student_innen, déi si och wierklech verdéngt hunn.

Dëst Joer hate mir d’Éier 211 Schüler_inne vun der 1GED ze feieren, déi de Premièresdiplom kruten, an 199 Student_innen, déi den Diplôme d'État d'Éducateur/trice op der 1SGED kruten an elo bereet sinn, fir an d’ Beruffsliewen anzetrieden.

Wéi all Joer goufen och d’Schüler_innen a d’Student_innen mat de beschte Punkten vun eisen Invitéë fir hir exzellent Leeschtunge mat Präisser ausgezeechent.

Léif Laureaten, mir wënschen Iech alles Guddes fir är berufflech a perséinlech Zukunft. Gitt mat Courage, Vertrauen an Optimismus an déi nächst Etapp vun ärem Liewen. Egal wou äre Wee Iech hiféiert, denkt drun, datt Dir ëmmer eise Stolz an e wichtege Bestanddeel vun der LTPES-Famill bleift.

Mir freeën eis och, ons zukünfteg Terminale-Student_innen am nächste Joer op enger 1SGED begréissen ze kennen an ënnerstëtze si op hirem Wee fir Educateur_trice ze ginn!

Mir soen all deenen ee grousse Merci, déi dës Diplomiwwerreechungen erméiglecht hunn, vun der Organisatioun bis hin zu de ville klenge Gesten, déi dëst Evenement onvergiesslech gemaach hunn.

*Fotoen a Videoe fannt dir um Sharepoint.

- Remise des diplômes 1ères Allocution de la Directrice [PDF]

- Remise des diplômes 1SGED Allocution de la Directrice [PDF]

  • Hits: 974

Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“

Zu Lëtzebuerg ass eent vu fënnef Kanner tëschent 11 an 12 Joer iwwergewiichteg!

Dës Tatsaach geet aus dem Joresrapport 2023 vum Observatoire national de la santé (ObSanté) ervir. D'Verbindung tëscht Iwwergewiicht, schlechten Ernärungsgewunnechten an dem Mangel u kierperlecher Aktivitéit ass wëssenschaftlech hilänglech nogewisen.(1) Trotzdeem geléngt et säit Joren net, dësen Trend ze stoppen. Sou ass d'Zuel vu Jongen a Meedercher, déi un Adipositas oder Iwwergewiicht leiden, tëscht 2014 an 2022 stänneg an d’Lut gaangen.(2)

Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsförderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.

Bei der dësjäreger Editioun vum Symposium läit de Fokus um Potenzial vun ënnerschiddleche Raim fir d’Förderung vun der Beweegung. D'Participanten erwaart eng breet Pallette u Virträg a praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten zur sënnvoller Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten dobaussen an dobannen.

Um Programm stinn Themen a Bezuch op ënnerschiddlech Ëmgéigenden (Sportshal, Bësch, Beweegungsraum, Klassesall ...), fir de Rahmenbedingungen vun allen Acteure Rechnung ze droen.

Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.

De Symposium ass Deel vum IFEN-Weiderbildungsprogramm fir d’Participanten aus der Educatioun an d’Participatioun um Symposium gëtt och vum Service National de la Jeunesse (SNJ) am Kader vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm am Secteur vun der non-formaler Bildung unerkannt.

 

Umelle kann een sech iwwert folgend Linken:

-fir d’Peronal aus der non-formaler Bildung.

-fir d’Personal vun der Éducation nationale op der Säit vum IFEN.

 

(1) Moschonis, G.; Trakman, G.L. Overweight and Obesity: The Interplay of Eating Habits and Physical Activity. Nutrients 2023, 15, 2896.

(2) Observatoire national de la santé (2023), Healthy Future: A report on Child Health in Luxembourg, Luxembourg.

  • Hits: 1500

Holocaust Remembrance Day 01.07.24

Am Kader vum Holocaust Remembrance Day hat den LTPES zwee Zäitzeien op Besuch, de Claude Marx, Zäitzeien vun der éischter Generatioun an de de Marc Cukier, Zäitzeien vun der zweeter Generatioun. Den Här Marx an den Här Cukier hunn hir eege Liewensgeschicht souwéi d’Geschicht vun hire Famillen zur Zäit vum Holocaust mat de Schüler a Schülerinne, mam Personal a mat eise Gäscht aus der Fritz-Bauer-Gesamtschule vu Sankt Augustin gedeelt.

Dat gemeinsaamt Erënneren un de Völkermord während der NS-Zäit huet den Dialog tëscht verschidde Generatiounen erméiglecht an et konnte wichteg souwéi och ganz aktuell Froen zesumme mat den Zäitzeien diskutéiert ginn.

  • Hits: 926