Skip to main content

Servicer

De Service psycho-social et d'accompagnement scolaire (SePAS), de Service socio-éducatif (SSE) an d'Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques (ESEB) sinn Servicer, déi sech virun allem un d'Schüler*innen an d'Student*inne riichten, awer och den Elteren an dem Léierpersonal zur Verfügung stinn.

Ënnert Lycée -> Schoulgemeinschaft -> Equipen an Servicer fannt Dir d'Kontaktpersonen fir déi verschidden Servicer.

Service psycho-social et d'accompagnement scolaire (SePAS)

De SePAS bitt Schüler*innen a Student*innen an der Schoul:

Hëllef a Berodung am Fall vu schouleschen, perséinlechen, familiären oder relationale Probleemer, sozial a finanziell Ënnerstëtzung (Allocatiounen a Subsiden, Wunnengssich), Orientatioun,schoulbezunnen a berufflech Informatioun, Sensibiliséierungs- a Präventiounsaktivitéiten (z.B. Wuelbefannen an der Schoul, mental Gesondheet), Informatioun an Dokumentatioun iwwer verschidde sozial, schoulesch an ausserschoulesch Themen.

De SePAS ass de Lien tëscht Schüler*inne rsp. Student*innen an dem Internat.

De SePAS ass a verschiddene Comitéë bannent an ausserhalb vum LTPES vertrueden.

De SePAS ass am Prinzip vu méindes bis freides vun 9:00 bis 16:00 Auer an op Rendez-vous disponibel. Et ass ideal e Rendez-vous auszemaachen, am Noutfall ass de SePAS awer och spontan disponibel.

Service socio-éducatif (SSE)

D’Aarbecht vum Service socio-éducatif (SSE) ass ganz viilfälteg, woubäi d’Schüler*innen an d’Student*innen ëmmer am Mëttelpunkt stinn.
Eng wichteg Aufgab vum SSE ass et d’Stëmm vun de Schüler*innen a Student*innen an der Schoul ze fërderen. Fir dës Missioun ze erfëllen, ass den SSE a ville Comitéën a Kommissioune vertrueden.

D’Kommunikatioun an d’Relatioun mat de Schüler*innen a Student*innen ass d’Basis fir si an hirem Schoulalldag ze begleeden, si ze motivéieren an se ze guidéieren. Den SSE encouragéieren déi jonk Erwuessener andeems hinnen ënnerschiddlech Hëllefstellungen ugebuede ginn, besonnesch wann si mat méi delikaten oder schwierege Situatioune konfrontéiert sinn.
Duerch déi berufflech Erfarungen an duerch hire Réseau ass den SSE staark an d'Schoulentwécklung vum LTPES involvéiert ewéi och an d'Zesummenaarbecht mat de villen externe Partner aus dem sozialen an edukative Milieu.

An Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum LTPES ass den SSE verantwortlech fir d’Koordinatioun vun der ofwiesslungsräicher Offer vun ausserschouleschen an Aktivitéiten am LTPES.

Équipe de soutien pour élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques (ESEB)

Jugendleche mat besonneschen oder spezifeschen edukative Besoinen fält d'Léiere meeschtens weesentlech méi schwéier ewéi der Majoritéit vun de Gläichaltregen a si kënne besonnesch Schwieregkeeten oder Beanträchtegungen opweisen. Dës Bedürfnisser kënnen sech op d'Beräicher Motorik, Sehsënn, Héieren, Sprooch, Léieren, kognitiv Entwécklung oder Verhale bezéien oder a Rapport mat enger Krankheet opdauchen. Betraffene Schüler*innen oder Student*inne kënne verschidde Fërdermoossnamen ugebuede ginn, déi op déi individuell Besoinen zougeschnidde sinn.  

D'ESEB bitt de Schüler*innen an de Student*innen:

  • Ënnerstëtzung, Begleedung a Betreiung bei besonneschen oder spezifeschen edukative Besoinen.
  • Berodung vu Schüler*innen, Student*innen, Elteren an Enseignanten
  • Virstellung vun de Besoinen vun deene Betraffenen an der Commission d'inclusion scolaire (CIS). 
  • An d'Wee leede vun de Prozedure fir déi néideg Ënnerstëtzung am schoulesche Kontext (CAR/CNI) 
  • Erstelle vun Diagnosen