Skip to main content

Den LTPES huet eng 700 m2 grouss Bibliothéik, déi um 2. Stack vum Gebai ze fannen ass.

D'Bibliothéik vum LTPES ass Deel vum Verbond vun de lëtzebuergesche Bibliothéiken bibnet.lu, dee vun der Nationalbibliothéik koordinéiert gëtt. De Bestand vun eiser Bibliothéik ass am gemeinsame Katalog vum Bibliotéiksverbond erfaasst, deen iwwer d'Online-Sichmaschinn a-z.lu zougänglech ass.

Kontakt:
Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Tel.: 52 35 25 - 241

Portrait: KREMER Bob

KREMER
Bob

Bibliothéik
CDI/Bibliothèque
 
Portrait: LION Paul

LION
Paul

Bibliothéik
CDI/Bibliothèque
 

D'Verfügbaar Ressourcen

D'Bibliothéik vum LTPES huet eng grouss Unzuel u literareschen a pedagogesche Wierker, déi de Schüler*innen, de Studéierenden an den Enseignanten vum LTPES esou wéi de Studéierenden an de Fachkräften aus dem Bildungs- a Sozialberäich zougänglich sinn. Ronn 29.000 Wierker sinn op enger Fläch vu bal 700 m2 verdeelt. An éischter Linn handelt et sech ëm Bicher aus de Beräicher Pedagogik, Psychologie a Soziologie, awer och Bicher zu villen aneren Themen sinn hei ze fannen. Doriwwer eraus bitt eis Bibliothéik grouss Auswiel u pedagogeschem Material, dat de Schüler*innen und Studéierenden, dem Léierpersonal an allen anere Fachleit fir hir Aarbecht an hir Fuerschung zur Verfügung steet.

D'Ëffnungszäiten

D'Bibliothéik ass vun 9h00 bis 12h00 a vun 13h00 bis 17h00 op. Dachs ass d'Bibliothéik och nach ausserhalb vun den offiziellen Öffnungszäiten op. An de Schoulvakanzen kann den Horaire ofwäichen oder d'Bibliothéik ausnamsweis och emol zou sinn. Kontaktéiert virun Ärer Visitt an der Schoulvakanz d'Bibliothéik w.e.g. telefonesch oder per Email.

Déi Ausléihevirschrëften

All Bibliothéiksbenotzer*in muss sech enregistréieren a kritt ee Biobliothéiksauswäis.
Folgend Konditioune gëllen, fir Bicher auszeléinen:
Et kënnen héchstens 5 Bicher gläichzäiteg ausgeléint ginn.
D'Bicher kënnen héchstens 1 Mount laang ausgeléint ginn, ausser et läit eng gutt argumentéiert Demande vir (z.B. Besoin fir de Stage, fir den Travail personnel TraPe oder e Mémoire).
D'Persoun, déi ee Buch ausléint verflicht sech, d'Buch uerdnungsgemäss zréckzeginn an e beschiedegt Buch oder ee Buch, dat se net zréckgëtt, ze ersetzen.

Fir all weider Informatiounen, kann een sech un de Bibliothekär wenden.