Skip to main content

Schouloffer

Hei fannt Dir Informatiounen zu der Offre scolaire vun eisem Lycée.

Am Zentrum vun der Formatioun stinn d'Entwécklung vun enger berufflechen Identitéit, enger pädagogescher Haltung an der reflexiver Assimilatioun vum berufflechen Handelen.

Enseignement secondaire général (cycle supérieur) GED

Enseignement secondaire général (cycle supérieur)

De Lycée Technique pour Professions éducatives et sociales (LTPES) ass deen eenzege Lycée zu Lëtzebuerg, deen d'Sektioun "Formation de l'éducateur/trice" (GED) am "plein temps" ubitt.

D'Sektioun GED bereet d'Schüler*innen esouwuel op een tertiärt Studium ewéi och op déi berufflech Qualifikatioun als Erzéier*in vir. An alle Schouljoeren si länger Stage als Deel vum Plan d'études virgesinn. D'Sektioun GED huet eng duebel Finalitéit, andeems si de Schüler*innen d'Méiglichkeet bitt, zwee Ofschlëss ze maachen:
- de Premièresdiplom, deen een nom erfollegräichen Ofschloss vum 1. Deel vun den Étude kritt (2GED an 1GED);
- den Diplôme d'État als Éducateur*trice nom erfollegräichen Ofschloss vum zweeten Deel vun der schoulescher Ausbildung, also der 1SGED (Ofschlossklass, déi aus engem allgeméngbildenden an engem differenzéierenden Deel besteet).

De*D' Schüler*in begëtt sech vun Ufank un an d'Logik an d'Dynamik vun enger Qualifikatioun am Edukativen an am Sozialen. Déi formativ Ziler, déi sech op déi zwee Deeler vun der schoulescher Formatioun an op déi entspriechend Finalitéite bezéien, sinn enk mateneen verbonnen.

D'Domaines de différenciation am Ofschlossjoer ("Terminale") sinn dës:

- D1: Pédagogie de l'animation sociale, éducative, sportive et culturelle;
- D2: Approches éducatives des processus de développement;
- D3: Planification, organisation et coordination au sein des équipes éducatives et sociales.
NOUVEAUTÉS (à partir de l'annéee scolaire 2023-24):
- D4 (= D1 bis): Pédagogie des activités socio-sportives;
- D5 (= D2 bis): Approches éducatives en faveur du développement linguistique de l’enfant.

De Studieprogramm (programme directeur) vun der GED-Sektioun am LTPES baséiert op 4 grousse Léierberäicher:
1. „Kulturen, Sozialisation, Kommunikation und Erziehung zum mündigen Bürger.
2. Erzieherische und soziale Intervention im Rahmen von Entwicklungs- und Bildungsprozessen.
3. Organisations- und Institutionsentwicklung.
4. Persönliche Entwicklung.“

Dëst erlaabt et, eng eegestänneg Berufsidentitéit ze entwëckelen mat villsäitege Kompetenzen a beruffsspezifischen Haltungen.

D'Sektioun GED am Iwwerbléck

  • Type de Formation
    • Formation à temps plein
  • Durée
    • 1. Etapp (2GED & 1GED)
    • 2. Etapp (1SGED)
  • Niveau d'études
    • Diplôme de fin d'études secondaires générales
    • Diplôme d'État d'éducatrice/d'éducateur
  • Enseignéiert Matièren
    • Pädagogik
    • Beruffpraxis (Stegaen) a Methodik
    • Psychologie
    • Entwécklung iwwert d'ganz Liewensspann
    • Sproochen
    • Anerer
  • Admissioun
    • All Schüler*in mat enger gepacktener 3e (générale oder classique) oder enger gepacktener gläichwäerteger Klass
    • "Admission conditionnelle" (sur dossier) méiglech

Beruffsausbildung DAP Éducation

Beim DAP Éducation handelt et sech ëm eng dräijäreg Beruffsausbildung a Vollzäit. Si befähegt d'Schüler*innen sech déi néideg pädagogesch Fähigkeeten unzeeegnen, fir kënnen als Agent socio-pédagogique an deene meeschte Beräicher vun der Kanner- a Jugendbetreiung ze schaffen, wéi z. B. a Crèchen, Maisons Relaien oder Foyers scolairen.

D'Formatioun preparéiert d'Schüler*innen op d'Betreiung vu Puppelcher a Kanner. Si ginn ausgebilt fir Kanner aus ënnerschiddlechen Alterskategorien ze beobachten an hir Bedierfnesser ze erkennen. Ausserdeem léiere si, wéi een d’Kanner an hirer alldeeglecher Entwécklung begleede kann, fir e Raum ze kreéieren, an deem si fräi experimentéieren an sech entwéckele kënnen.

Wärend der Ausbildung mussen d'Schüler*inne fënnef Stagen vu jeeweils 6 Wochen am Beruffsfeld maachen.

Den DAP Éducation am Iwwerbléck

  • Type de Formation
    • Formation professionelle à temps plein
  • Durée
    • 3 Joer
  • Niveau d'études
    • Diplôme d’Aptitude Professionnelle
  • Bezeechnung vum Beruffsbild
    • Agent socio-éducatif
  • Unterréchtsfächer
    • Franséisch / Däitsch (au choix)
    • Sport
    • Éducation à la santé
    • Éducation à la citoyenneté
    • Begleitung, Bildung und Betreuung
    • Entwicklung des Kindes
    • Handeln in spezifischen Begleitsituationen
    • Kommunikation und Gestaltung professioneller Beziehungen
    • Reflexive Praxis
    • Erste Hilfe
    • Basteln und Werken
    • Sportaktivitäten
    • Integréiert Projet a Stagen
  • Admissiounskonditiounen
    • erfollegräichen Ofschloss vun enger 5e AD / 5eP

Horaires et programmes

An dëser Rubrik fannt Dir de Link op d'Grilles horaires, déi all Joer per Règlement grand-ducal festgeluecht ginn, esou wéi op d'Programmer an d'offiziell Schoulbicher.

D’Promotioun an de Klassen vum Enseignement secondaire berécksiichtegt d'Koeffiziente vun de verschiddene Fächer esou wéi gegebenenfalls d'Branches fondamentales, déi an de Grilles horaires ugi sinn.

Hei ass den entspriechende Link:
https://ssl.education.lu/eSchoolBooks/Web/ES

Klassen an Regenten

Hei fannt Dir Informatiounen zu de Klassen an hirer jeweilger*M Régent*e rsp. Gestionnaire*in (1SGED):

Enseignant(e)Klasse
Schroeder Claudia

2GED 01 (FRANC-ALL)

Gengler Carine

2GED 02 (FRANC-ALL)

Linster Laurence

2GED 03 (FRANC-ALL)

Schlungs Léa

2GED 04 (FRANC-ANGL)

Rausch Bob

2GED 05 (FRANC-ANGL) 

Becker Fabienne

2GED 06 (FRANC-ANGL)

Moro Andrea

2GED 07 (ALL-ANGL)

Dos Santos Bianca

2GED 08 (ALL-ANGL)

Steinbach Corinne

2GED 09 (ALL-ANGL)

Hamilius Nadine

2GED 10 (ALL-ANGL)

Weber Ben

2GED 11 (ALL-ANGL)

Diederich Jill

2GED 12 (ALL-ANGL)

Enseignant(e)Klasse
Feyder Mike

1GED 01 (FRANC-ALL)

Gorge Jana

1GED 02 (FRANC-ALL)

Roch Susan

1GED 03 (FRANC-ALL)

Hartmann Sonja

1GED 04 (FRANC-ALL)

Zeyen Michèle

1GED 05 (FRANC-ANGL)

Sobolewska Patrycja

1GED 06 (FRANC-ANGL)

Streveler Pia

1GED 07 (FRANC-ANGL)

Schartz Carole

1GED 08 (FRANC-ANGL)

Heuertz Stéphanie

1GED 09 (ALL-ANGL)

Erang Gerry

1GED 10 (ALL-ANGL)

Schmartz Jeanne

1GED 11 (ALL-ANGL)

Visscher Christophe

1GED12 (ALL-ANGL)

Simon Martine

1GED13 (ALL-ANGL)

Enseignant(e)Klasse
Omes Fanny

1SGED 01 D1

Metzler Marie-Thérèse
1SGED 02 D1
Schiltz Christiane
1SGED 03 D1
Denel Gaby
1SGED 04 D1
Milbert Léa
1SGED 05 D1
Van Rijswijck Liz
1SGED 06 D1
Loverre Barbara
1SGED 07 D1
Jost Christine
1SGED 08 D2
Kieffer Paul
1SGED 09 D2
Denel Gaby
1SGED 10 D2
Romera Marie-Angeles
1SGED 11 D2
Di Bartolomeo Anna-Lena
1SGED 12 D3
 
 
Zimmer Paul
DP-1ED Education

Erklärungen zu deenen eenzelen Fächeren

An dëser Rubrik fannt Dir kuerz Erklärungen zu deenen eenzelne Fächern op deene verschiddene Klassen.

Cours d‘appui

Offer (auszugsweis):

  • "Appui" a bal alle Schoulfächer
  • Atelier Léierstrategien
  • Tutorat Mémoire de stage fir 1SGED
  • Tutorat zum wëssenschaftleche Schaffen
  • Workshop Stage