Skip to main content

Offer

De Lycée technique pour professions éducatives et sociales zeechent sech net nëmmen duerch seng spezifesch Schouloffer (inklusiv den am Curriculum verankerte Stagen), mee och duerch déi ganz breet gefächert Palett vun ausserschouleschen Aktivitéiten aus.
Dës erlaben dacks zousätzlech Qualifikatiounen, déi fir déi spéider Aarbecht am sozialen an am edukative Beräich wichteg sinn.
Aner Aktivitéiten verfollegen éischter och d'Zil vum perséinlechen Ausgläich, vum Wuelbefannen a vun der Gruppdynamik, wéi z.B. Sportaktivitéiten a Achtsamkeetstraining.
Donieft verfollege spezifesch schoulesch Offeren (cours d'appui) d'Zil vun der Ënnerstëtzung am schoulesche Beräich, ëmmer mat der Zilsetzung vun enger beschtméiglecher Qualifikatioun.

Dir fannt an dëser Rubrik Informatiounen zu de schouleschen Angeboter, zum am Lehrplan verankerte prakteschen Deel (Stagen), zu de peri- a parascolairen Aktivitéiten an zu de Cours d'appui.