Skip to main content

Stonnepläng an Programmer, Kalenner

Den Horaire vun der jeeweileger Klass fannt Dir am Webuntis vum LTPES. Sollt Dir Probleemer hunn mam Webuntis-Zougank hunn, da schreift w.e.g. eng Email op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!. Mir probéieren, fir Iech esou séier ewéi méiglech eng Hëllefsstellung ze ginn.

OPGEPASST: Beim Androe vu Prüfungen an de Webuntis ännert de Programm opgrond vun enger net gekläerter technescher Problematik de Klassesall. Dëst kann zu Mëssverständnesser féieren. Am Prinzip schreift Dir d'Prüfung an deem Sall, an deem Dir fir deen entspriechende Cours wäert. Frot am Zweifelsfall w.e.g. Är*e concernéiert*en Enseignant(e)!

Dir fannt de Schouljoreskalenner um LTPES Intranet. E gëtt permanent aktualiséiert.
Trotzdeem si Last-Minute Adaptatiounen heiansdo onvermeidlech. Zéckt dofir net, fir e reegelméisseg ze consultéieren!

Stonnepläng an Programmer

An dëser Rubrik fannt Dir de Link op d'Grilles horaires, déi all Joer per Règlement grand-ducal festgeluecht ginn, esou wéi op d'Programmer an d'offiziell Schoulbicher.

D’Promotioun an de Klassen vum Enseignement secondaire berécksiichtegt d'Koeffiziente vun de verschiddene Fächer esou wéi gegebenenfalls d'Branches fondamentales, déi an de Grilles horaires ugi sinn.

Hei ass den entspriechende Link:
https://ssl.education.lu/eSchoolBooks/Web/ES