Skip to main content

Aschreiwungen

An dëser Rubrik fënnt een all noutwendeg Informatiounen fir eng Inscriptioun an déi verschidde Klassen.

Aschreiwungen 2GED

D'Pré-inscriptiounen sinn ab dem 6. Mäerz 2026 op fir d'Klass 2GED fir d'Schouljoer 2026/27. Den Délai fir d'Pré-inscriptiounen ass den 5. Mee 2026.

Beuecht w.e.g. folgend Schrëtt:

Passerelle SO - bedéngten Entrée op 1SGED

Inscriptioune fir d'Passerelle SO fir d'Schouljoer 2026/27 si nach net méiglech.

D'Admissioune ginn als Admissions conditionnelles ausgeschwat op der Basis vun candidature sur dossier. D'Zuel vun de Plazen ass limitéiert.

De Bewerbungs-Dossier muss follgend Pièces enthalen:

  • Bewerbungsformulaire
  • Passfoto
  • Motivatiounsbréif, aus deem d'Grënn ervirginn, déi d'Kandidatin oder de Kandidat dozou derzou beweegt hunn, fir de Beruff vum Erzéier oder vun der Erzéierin unzestriewen
  • Kopie vun der Zensur 1GSO (1. an 2. Semester)
  • Diplôme de fin d’études secondaires (oder eng Preuve de réussite des examens)
  • Curriculum vitae
  • Rezent Extraiten aus dem Casier: Bulletin N°3 a Bulletin N°5

Primaner vum aktuelle Schouljoer 2025/26 mussen eng Copie conforme vun hirem Diplôme de fin d’études ofginn.

Nëmme komplett Bewerbungs-Dossiere gi fir d'Auswahlprozedur consideréiert.

Eng gewësse Beruffs- oder Praxiserfarung gëtt virausgesat.

All weider Informatiounen sinn dem Bewerbungsformulaire ze enthuelen.

Délai d’inscription: Deemnächst disponibel

D'Sektioun GSO als Preparatioun op d'Sektioun GED

Inscriptioune fir d'4GSO fir d'Schouljoer 2026/27 sinn nach net méiglech.

D'Zuel vun de Plazen ass limitéiert.

De Bewerbungs-Dossier muss folgend Pièces enthalen:

  • Bewerbungsformulaire
  • Kopie vun der Zensur 5e, der décision de promotion an dem avis d’orientation  (Kandidaten, déi am aktuelle Joer an hirer 5e sinn, mussen eng Kopie vun hirer leschter Zensur an der décision de promotion soubal sie dës hunn, ofginn)
  • Motivatiounsbréif

Nëmme komplett Bewerbungs-Dossiere gi fir d'Auswahlprozedur consideréiert.

All weider Informatioune sinn dem Bewerbungsformulaire ze enthuelen.

De Formulaire kann ausgedréckt a manuell ausgefëllt ginn (Versioun PRINT) oder digital ausgefëllt ginn (Versioun DIGITAL).

Eng definitiv Versioun muss per Post geschéckt ginn.

Délai d’inscription: Deemnächst disponibel