Skip to main content

E kuerz geschichtlech Iwwerbléck

D'Aféierung vun der offizieller Ausbildung fir Educateuren zu Lëtzebuerg geet Hand an Hand mat der Ausschaffung vum Gesetz iwwert d'"Création d'instituts et de services d'éducation différenciée" 1973. De 50. Anniversaire vun der Educateurs- an Educatricen-Formatioun gëtt dofir am Schouljoer 2023-24 gefeiert.

Urspronk an Entwécklung

D'Grënnung vum Institut d’études éducatives et sociales (IEES) geet zréck op d'Adoptioun vum Gesetz vum 6. August 1990 iwwert d'"Organisation des études éducatives et sociales". Dëst Gesetz war souwuel d'Resultat vun enger laanger an wiesselvoller Entwécklung ewéi och e villverspriechenden, usprochsvollen an erausfuerdernden Ausgangspunkt fir d'Entwécklung vun enger zolitter Ausbildung fir d'sozialpädagogescht Personal. Verschidde Perioden kënnen an der Entwécklung vun der pädagogescher a sozialer Aarbecht a besonnesch och vun den entspriechenden Ausbildungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg  ënnerscheet ginn.

D'Action éducative et sociale virun den 1970er Joren: Déi professionell edukativ Aarbecht stecht nach an de Kannerschong.

Déi éischt Formatiounsinitiativen fir sozio-edukatiivt Personal zu Lëtzebuerg staamen aus de fréien 1970er Joren. Vum Enn vum Zweete Weltkrich bis Ufank vun den 1970er Joren huet sech d’Situatioun vun der Action éducative et sociale zu Lëtzebuerg doduerch charakteriséiert, datt, mat Ausnam vun de Léierinnen an de Schoulmeeschteren an der Primärschoul an de Proffen am Enseignement secondaire esou wéi de Kindergärtnerinnen ("maîtresses de jardin d'enfants"), eng proffessionnell edukativ Aarbecht duerch qualifizéiert Personal praktesch net existéiert.

1973 - Vote vum Gesetz zur "création d’instituts et services d’éducation différenciée"

1973 huet d'Ausbildung vum sozio-pädagogesche Personal dank dem Ediff's-Gesetz ugefaangen. Dëst Gesetz grënt offiziell d'Bildung fir Kanner mat engem Handicap mental, sensoriel oder caractériel  (Terminologie vun deemools) zu Lëtzebuerg. Et geet also och drëm, en Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d’éducation différenciée (IFEM) ze creéieren, deem seng Haaptaufgab et ass, d'Éducation différenciée mat Personal ze versuergen, dat speziell ausgebilt ass, fir d'"instituteurs spéciaux" an d'"institutrices spéciales" an hirem Bildungsoptrag bei Kanner mat engem Handicap ze ënnerstëtzen.

Déi entspriechend Formatioun gëtt an zwou Sektiounen organiséiert. Engersäits d'Sektioun fir d'Ausbildung zum "moniteur d’éducation différenciée", fir déi ee fënnef Joer Secondaire erfollegräich ofgeschloss muss hunn fir zougelooss ze ginn, op där anerer Säit d'Sektioun fir déi zukünfteg Educateuren an Educatricen, fir déi een de Premièresexamen muss hunn, fir zougelooss ze ginn. A béide Fäll dauert d'Formatioun zwee Joer, wobäi Stage a Cours'en um IFEM sech ofwiesselen.

Enn vun den 1970er Joren - Markant Entwécklung vum edukativen a soziale Secteur begleet vun neien Ausbildungsbedürfnisser

An der zweeter Halschent vun den 1970er Joren hunn d’Beräicher vun den Foyeren an de Maisons d'accueil, souwéi Foyers de jour a Crèche fir netbehënnert Kanner a Jugendlecher eng beandrockend Entwécklung erlieft. Generell manifestéiert sech de Besoin u qualifizéiertem Personal an zueleméisseg méi, mä och méi ënnerschiddleche sozio-edukative Beräicher. Esou ginn d’Missioune vum IFEM méi grouss a beschränken sech net méi nëmmen op d'Wëssens- a Kompetenzvermëttlung am Beräich vun der Aarbecht mat behënnerte Kanner. D’Programmer gi stänneg adaptéiert, entspriechend der Erweiderung vun den Handlungsberäicher vun de Moniteurs d’éducation différenciée an den Educateuren.

D'1980er - Schafung vun neie Servicer a progressiv Entwécklung vun engem Bewosstsäin fir d'Entwécklung vum sozio-edukative Secteur an der Politik

An der Mëtt vun den 1980er Joren hunn Moniteurs d’éducation différenciée an Educateuren an Instituter fir behënnert Kanner, a Centres de propédeutique professionnelle, a Kanner- a Jugendheemer, Crèchen, a Maisons d'éducation, a Prisongen, a Fräizäitzentren fir Kanner a Jugendlecher an an Internater geschafft, fir der nëmmen e puer vun deene villen ënnerschiddlech Aktivitéitsberäicher ze nennen. Déi politesch Decideuren kommen also net derlaanscht, fir ee Bewosstsäin ze entwéckelen fir déi déifgräifenden Ëmwälzungen am edukativen an am soziale Secteur an esou kuerzer Zäit.

1990 - Vote vum Gesetz iwwer d'"organisation des études éducatives et sociales ": den IEES gëtt endlech gegrënnt

1990, no laangen an turbulenten Debatten, gëtt endlech d'Gesetz iwwert d'"Organisation des études éducatives et sociales" gestëmmt. Dëst ass och d'Grënnung vum "Institut d'études éducatives et sociales" (IEES). D'Bezeechnungen vun den Ofschlëss "moniteur d'éducation différenciée" an "éducateur" ginn an "éducateur" respektiv "éducateur gradué" ofgeännert. D'Längt vun derFormatioun gëtt vun zwee op dräi Joer fir Vollzäitausbildung verlängert a vu véier op sechs Joer fir d'Deelzäitausbildung. Den IEES kritt d'offiziellt Mandat fir d'Weiderbildung vun alle berufflechen Acteuren am sozial-pädagogesche Beräich ze garantéieren.

Déi primär Aufgab, déi der Educateursausbildung dem Gesetz no zougesprach gëtt, besteet doranner, eng polyvalent Formatioun, déi op d'Aarbechtsliewen virbereet, unzebidden. Dës Villsäitegkeet vun der Formatioun mécht den Erzéier zu engem Generalist vun der pädagogescher a sozialer Aarbecht. Am Géigesaz zu der Formatioun vum Educateur ass am leschte Studiejoer vum "éducateur gradué" eng Spezialisatioun virgesinn.

1995 - Den "Diplôme de fin d'études secondaires techniques" gëtt een Deel vun der Educateursausbildung.

Zënter 1990 gi weider Adaptatioune gemaach, déi elo haaptsächlech d'Sektioun vun der Educateursausbildung betreffen. Wéi d'Gesetz vun 1990 gestëmmt gouf, huet d'Chamber eestëmmeg eng Motioun ugeholl, déi seet, datt am Fall vun engem positiven Avis d'Equivalenz vun den Diplomer vum Lycée Technique an der Educateursausbildung soll festgehale ginn. Dës Equivalenz gëtt schlussendlech 1995 am Kader vum Gesetz vum 11. Januar 1995 iwwer d'"Reorganisatioun vun den écoles publiques et privées d'infirmiers et d'infirmières" agefouert. D'Educateursausbildung kritt zousätzlech eng zweet Finalitéit: d'Virbereedung op Unisstudien.

Integratioun vun de Studien zum "Éducateur gradué" an d'Uni Lëtzebuerg a Créatioun vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales.

En anere wichtege Schrëtt gouf zënter 2003 gemaach. D'Etude vum Éducateur gradué ginn an d'Uni Lëtzebuerg integréiert an d'Formatioun vum Éducateur gëtt vun deem nei ze grënnende "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" iwwerholl. Dat heescht, den "Institut d'études éducatives et sociales" (IEES), deen 1990 offiziell gegrënnt gouf an sech zënterhier ganz zolidd entwéckelt hat, stellt säi Betrib am Laf vum Joer 2005 an.

D'Grënnung vum "Lycée technique pour professions éducatives et sociales"

De "Lycée technique pour professions éducatives et sociales" (LTPES) gëtt mam Gesetz vum 10. August 2005 gegrënnt.

Amicale des ancien(ne)s KASAL

De 27. Abrëll 2022 ass d'Amicale vun de Frënn vum LTPES gegrënnt ginn. D'Associatioun dréit den Numm: Kollegen an Alumni aus der sozial-edukativer Ausbildung zu Lëtzebuerg, d'Ofkierzung ass: KASAL.

All fréier Schüler*innen a Student*innen, all Mataarbechter*innenn a fréier Mataarbechter*inne vum LTPES, dem Institut pour études éducatives et sociales (IEES), dem Institut de formation pour éducateurs et monitrices (IFEM) an all Schüler*innen a Student*inne vum LTPES, déi interesséiert sinn, sech op iergendeng Manéier un der Ëmsetzung vun den Zisetzunge vum Veräin ze bedeelegen, kënne Member ginn.

D'Associatioun huet folgend Ziler:

  • Frëndschaftsverhältnisser tëscht hire Memberen ze förderen an ze erhalen, d'Verbindung mam Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) ze erhalen an d'Relatiounen tëscht der berufflecher an der akademescher Welt ze ënnerstëtzen;
  • Den LTPES bei sengen Aktivitéiten an Aufgaben ze ënnerstëtzen, onofhängeg vun hirer Natur;
  • D’Fërderung vum Beruff vum Educateur a vun allen anere Beruffer, deenen hir Ausbildung mat engem Diplom vum LTPES oder senge Virgänger zesummenhänkt;
  • De Patronage vu Konferenzen, Seminairen, Ausstellungen, Visiten an Excursiounen, Theater- a Museksvirstellungen oder aneren Eventer, déi direkt oder indirekt d'Kontakter tëscht de Partner vum LTPES an de fréiere Schüler*innen a Student*innen a Membere vum Personal verstäerken;
  • D'Organisatioun vun Aktiounen oder Initiativen, déi fir d'Erreeche vun den Ziler vum Veräin nëtzlech kënne sinn, insbesonnesch déi, déi d'pädagogesch, d'intellektuell an d'kulturell Australung vum LTPES ënnerstëtzen.

    Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

50e anniversaire

D’Aféierung vun der offizieller Educateursausbildung zu Lëtzebuerg geet Hand an Hand mat der Ausschaffung vum Ediffs-Gesetz (loi  la loi portant création d’instituts et de services d’éducation différenciée) am Joer 1973. De 50. Anniversaire vun der Formatioun vun den Educateuren an Educatricen gëtt dofir am Schouljoer 2023-24 gefeiert. De Programm vun de Feierlechkeeten gëtt sou séier wéi méiglech hei publizéiert.

Schlësseletappen an der Entwécklung vun der edukativer an der sozialer Interventioun am Kader vun der Entwécklung vum Sozialstaat am Grand-Duché

  • 1846

    Réorganisation et règlement des bureaux de bienfaisance. (Arrêté royal grand-ducal du 11 décembre 1846, N° 2442) → futurs offices sociaux. → article 21 : méthodes et moyens

  • 1846

    Institution d'une inspection des établissements de charité et des prisons de l'État (Arrêté royal grand-ducal du 11 décembre 1846, n° 2443)

    À partir de 1855 Recours de l’État luxembourgeois aux congrégations d’obédience catholique dans les domaines des hôpitaux, des maisons d’enfants et de la prise en charge de populations vulnérables

  • 1855

    1855 Création de l’Hospice Central à Ettelbruck « pour des indigents exigeant un traitement isolé ou particulier, pour des malheureux affectés de maladies contagieuses, exceptionnelles, incurables, pour des aliénés et pour ceux qui seraient entièrement privés de famille » (circulaire gouvernmtl.du 29.2.1846) « En janvier 1867 il y avait à l’hospice 27 enfants abandonnés arrêtés en état de vagabondage… » (Maison de Soins Ettelbruck 1855-1955, p. 17)

  • 1856
    /65

    Ab 1856 werden die Waisenkinder bei den Franziskanerinnen unterrichtet. 1865: Verlegung der Mädchen in die neue Einrichtungen der FranziskanerInnen in Itzig. Im Jahre 1865 kaufte Frau Pescatore das "Haus Richard" in Itzig und vermachte es den Franziskaner-schwestern als Wohnheim für Waisenkinder. Durch die vorangegangene Choleraepidemie, der viele Erwachsenen zum Opfer fielen, stieg die Zahl an Waisenkinder stark an.

  • 1869

    „Nach dem Umzug der Strafgefangenen im Jahre 1869 in den heute (immer) noch belegten Bau der Neumünsterabtei, diente das Gebäude der Firma Salberg bis 1891 als Schuhfabrik. Danach beherbergte es bis 1941 die ehemalige Knaben-erziehungsanstalt („d'Winnschoul").“ (Quelle : ons_stad_15-1984)

  • 1877

    Kinderarbeitsschutzgesetz « sur le travail des enfants et des femmes dans les usines, ateliers, fabriques et manufactures » begrenzt den Arbeitseinsatz von Kindern (mit Primärschulabschluss) unter 14 Jahren auf acht Stunden und der 14- bis 16-Jährigen auf 10 Stunden. → Verschlechterungen 30. Mai 1883

  • 1880

    L'institut des sourds-muets, dont la création a été autorisée par la loi du 28 janvier 1880, est établi à Luxembourg (Rham, Grund).

  • 1881

    La loi scolaire de 1881 oblige l’Etat à assurer le droit à l’instruction de chaque enfant. (« Lex Kirpach»)

  • 1884

    « Hospice civil et orphelinat : Après le départ de la garnison prussienne et le démantèlement de la forteresse en 1867, les casernes du Rham sont libérées de leur fonction militaire.

  • 1888
    /89

    Schaffung der ersten « Crèche de Luxembourg » auf Initiative der „Oeuvre de la Protection de l’Enfance“ um Marie Munchen und Auguste Ulveling. (seit 1938 ist die Crèche de Luxembourg auf Plateau Altmünster). Weitere folgten im Land, wie bspw. am 1.10.1893 der erste Kindergarten (jardin d’enfants) in Rumelange.

  • 1890

    Auguste Ulveling publie le livre sur la « protection de l’enfance ». «… Cependant, à notre avis, le système à leur [aux enfants] appliquer devrait être plutôt éducatif que répressif, parce que ces enfants sont généralement plutôt malheureux que vicieux.»

  • 1891
  • 1901/02
     
  • 1911
    Sécurité sociale : en 1891 loi facilitant la création de « sociétés de secours mutuelles », en 1901 l’assurance maladie obligatoire des ouvriers, en 1902 celle contre les accidents, en 1911 celle contre la vieillesse et l’invalidité. L’inspection du travail et des mines est créée en 1902.
  • 1906
    Der 1906 um Aline Mayrisch de Saint-Hubert (1874-1947) gegründete „Verein für die Interessen der Frau” , realisiert im Jahre 1907 eine Sozialstudie, auch “Sozialenquête” genannt, über die “Wohnungsverhältnisse der ärmeren Arbeiterbevölkerung in Luxemburg” und prangert die sozialen Missstände in den Stadtvierteln Grund, Clausen und Pfaffenthal an.
  • 1908
    1908 wird die “Ligue Nationale Luxembourgeoise contre la Tuberculose”, heute “Ligue médico-sociale”, gegründet
  • 1912
    En 1912, la loi introduit l’obligation scolaire au Luxembourg et impose une scolarité de 9 ans consécutifs. („Lex Braun“)
  • 1914
    1914 wird die “Croix rouge luxembourgeoise” ins Leben gerufen
  • 1932
    1932 vereinigt die “Fédération Luxembourgeoise des Œuvres Catholiques de Charité » die katholischen Hilfsvereine die seit 1901, insbesondere im Landessüden, enstanden waren. Anfang des CARITAS-Verbandes
  • 1935
    1935 Einführung von zwei neuen Berufsbezeichnungen für die – unter der Kontrolle der Ärzte – ein Staatsdiplom geschaffen wird: die “infirmière visiteuse”, auch “staatlich geprüfte luxemburgische Fürsorgerin“ sowie die “assistante sociale”, “soziale Helferinnen”
  • 1939
    Loi du 2 août 1939 sur la protection de l'enfance. (Einführung eines Jugendrichters und «Jugendschutz-delegierter»)
  • 1944
    Introduction du salaire social minimum (SSM)
  • 1947
    Création des « allocations familiales » en faveur de tous les salariés
  • 1950
    Camp international de la FICE à Sanem. Pendant tout un mois, du 10.8.-31.08.1950, 50 orphelins de guerre, garçons et filles, venus de 9 pays différents d'Europe. → 1951 : installation d’un groupe de vie → Kannerschlass Suessem → cette initiative mènera aussi à la création de l’ANCE asbl en 1978
  • 1950
    1950 : création du « service de défense sociale » dans le cadre des Etablissements Pénitentiaires et Maisons d’éducation. (probation)
  • 1959
    1959 : charte des N.U. des droits de l’enfant
  • 1961
    -1968
    1961: Marcel Nilles erfährt von der Idee „SOS Kinderdorf“ in Imst (Tirol), wo 1949 das erste SOS Kinderdorf entstand. 1963 wird die “asbl Lëtzeburger Kannerduerf” gegründet. 1968 Straußfeier der drei ersten Häuser in Mersch
  • 1968
    « Avec la création du service d'intégration sociale de l'enfance (SISE) en 1968 chargé plus particulièrement d'examiner tous les problèmes relatifs aux maisons d'enfants en vue de coordonner notamment les systèmes éducatifs et les conditions de travail des différentes institutions, les pouvoirs publics commencèrent enfin à prendre conscience de leurs obligations dans ce domaine.
  • 1969
    1969 Création d’une „commission médico-psycho-pédagogique“ et d’un „service médico-psycho-pédagogique“ au Centre du Rham
  • 1971
    Loi du 12 novembre 1971 relative à la protection de la jeunesse. (Einführung des Jugendgerichts)
  • 1972
    Création du Fonds du logement
  • 1973
    Luxembourg : Vote de la loi portant création d’instituts et services d’éducation différenciée ; Création de l’Institut de formation pour éducateurs et moniteurs d’éducation différenciée (IFEM)
  • 1976
    Réforme du système d’aide aux chômeurs par la création d’un fonds de chomâge
  • 1977
    Création du « Service central d’assistance sociale » (SCAS)
  • 1978
    1978 gründen 46 engagierte Fachkräfte (Pädagogen, Lehrer, Psychologen, Erzieher, u.a.) eine luxemburgische Sektion der FICE, die "Association des Communautés Educatives" (ANCE) als Fachverband für erzieherische Hilfen. Seit 2011 "Association des Communautés Educatives et Sociales" (A.N.C.E.S.)
  • 1979
    Règlement grand-ducal du 29 août 1979 portant réglementation des études et des attributions de la profession d'assistant social
  • 1986
    Introduction du « revenu minimum garanti » (RMG) → SNAS → Conseil supérieur à l’action sociale
  • 1990
    En 1990 fut votée la loi portant organisation des études éducatives et sociales. Ce fut, en même temps, la création de l’Institut d’études éducatives et sociales (IEES) → devenu LTPES en 2005
  • 1991
    Règlement ministériel du 1er juillet 1991 instituant un certificat aux fonctions d'aide à domicile (MiFA)
  • 1992
    Loi du 10 août 1992 relative à la protection de la jeunesse.
  • 1992
    Loi du 26 mars 1992 sur l'exercice et la revalorisation de certaines professions de santé.
  •        
    Code de déontologie, Conseil supérieur de discipline, Conseil supérieur de certaines professions de santé.
  • 1995
    Les études d’éducateur sanctionnées par le diplôme de fin d’études secondaires techniques
  • 1996
    Règlement minist. du 10.10.1996 instituant une formation aux fonctions d'aide socio-familiale. (MiFA)
  • 1998
    Introduction de l’assurance-dépendance (Pflegeversicherung)
  • 1998
    Loi ASFT: Loi du 8 septembre 1998 réglant les relations entre l'Etat et les organismes oeuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique.
  • 1999
    Création du „congé parental“
  • 1999
    RGD du 21.5.1999 instituant une formation aux fonctions d'aide socio-familiale. (MiFA)
  • 2003
    Création du « revenu pour personnes gravement handicapées » (RPGH)
  • 2003
    2003 ORK Loi du 25 juillet 2002 portant institution d'un comité luxembourgeois des droits de l'enfant, appelé «Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand» (ORK).
  • 2003
    Création de l’Université du Luxembourg. → im Herbst 2005 Einführung eines integrativen Bachelor-Studiengangs in Sozial- und Erziehungswissenschaften – bachelor en sciences sociales et éducatives
  • 2005
    Règlement grand-ducal du 20 juillet 2005 concernant l'agrément à accorder aux gestionnaires de maison relais pour enfants.
  • 2005
    Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) créé par la loi du 10 août 2005
  • 2008
    /2011
    Vote et publication (2008) de la « aide à l’enfance et à la famille » (AEF) , opérationnel/entré en vigueur à partir de 2011. Réintégration des services CPI et répartition en 5 bureaux régionaux à partir de janvier 2017
  • 2009
    Introduction des « chèques-service accueil»
  • 2009
    Loi du 6 février 2009 portant organisation de l'enseignement fondamental.
  • 2009
    Loi du 18 décembre 2009 organisant l'aide sociale. → Réorganisation des offices sociaux
  • 2009
    Manuel de l'intervention sociale et éducative au Luxembourg. Handbuch der sozialen und erzieherischen Arbeit in Luxemburg. Luxembourg 2009 (projet FSE 2006-2009)
  • 2010
    Rapport de la « Hotline Cathol » (Vom 6. April bis zum 16. Juli 2010 konnten Opfer sexueller und physischer Gewalt die Dienste einer vom Erzbistum Luxemburg eingerichteten Kontaktstelle « Hotline Cathol » kontaktieren.
  • 2011
    2011 Master “Management und Coaching im Bildungs- und Sozialwesen” (Universität Luxemburg)
  • 2013
    Règlement grand-ducal du 18 juillet 2013 réglementant l'exercice et les attributions de la profession d'assistant social.
  • 2015
    Introduction de la « subvention de loyer »
  • 2014
    Formation d’éducateur en alternance à l’école de la deuxième chance (E2M) à Luxembourg. Filière francophone à partir de la rentrée 2017/2018
  • 2015
    Psychotherapeuten-Gesetz : Loi du 14.7.2015 portant création de la profession de psychothérapeute
  • 2016
    Loi du 24 avril 2016 portant modification de la loi modifiée du 4 juille
  • 2008
    sur la jeunesse → Leitlinien non-formale Bidung → agents régionaux de qualité
  • 2016
    Bachelor en Sciences Sociales et Éducatives (études en cours d’emploi) Université du Luxembourg + Chambre des Salariés
  • 2017
    Délivrance du diplôme d’État d’éducateur/d’éducatrice dans le cadre de l’année TERMINALE
  • 2018
    Réorganisation de l’éducation différenciée en 8 Centres de Compétences en psycho-pédagogie spécialisée.
  • 2018
    Réforme des prisons portant sur l’administration pénitentiaire et sur l’exécution des peines: introduction d’un « plan volontaire d’insertion » (PVI) et d’une unité de psychiatrie socio-judiciaire
  • 2018
    Reform des RMG/Mindesteinkommen-Gesetzes + Umbenennung in REVIS – revenu d’inclusion sociale
  • 2018
    Reconnaissance de la langue des signes allemande : loi du 24 juillet modifiant le régime des langues
  • 2018
    Loi du 25 juillet 2018 relative à la modification de la mention du sexe et du ou des prénoms à l’état civil

Auf Grundlage unterschiedlicher Quellen zusammengestellt von Ch.Schmit (2013-2018).

Hinweise zur Ergänzung und Vervollständigung gerne an Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!