Aschreiwungen
An dëser Rubrik fënnt een all noutwendeg Informatiounen fir eng Inscriptioun an déi verschidde Klassen.
Ënnert folgendem Link kann een en éischten Abléck an d'Formatioun an an d'Beruffswelt vun dem*r Educateur*trice kréien: https://openeducation.lu/courses/modul1
Natierlech sinn dës Informatiounen och interessant fir Dech, wann's De wëlles hues, Dech an eng DP-1ED Klass anzeschreiwen.
Hei ass eng Uleedung zur Benotzung vun der Openeducation-Plattform:
Aschreiwungen 2GED
D'Pré-inscriptiounen sinn ab dem 11. März 2024 op fir d'Klass 2GED fir d'Schouljoer 2024/25. Den Délai fir d'Pré-inscriptiounen ass den 28. Abrëll 2024.
Beuecht w.e.g. folgend Schrëtt:
-
1.
Liest suergfälteg d'Admissiounsconditioune fir d'Éducateur/trice-Étuden duerch...
-
2.
Erstellt e Benotzerkont... (Wann Dir schonn eemol e Benotzerkont erstallt hat, benotzt dëse w.e.g. ërem. Wann d'Passwuert net méi zougänglech ass, setzt d'Passwuert w.e.g. zréck.)
-
3.
Fëllt den Umeldungsformulaire an Ärem "Espace personnel" aus...
-
4.
Finaliséiert d'Aschreiwung op der Plaz wärend den nationalen Aschreiwungsdeeg.
Aschreiwungen DAP Éducation (DP-1ED)
D'Pre-Inscriptioune fir d'Klass DP-1ED vum éischte Joer DAP Education sinn op bis den 1. Juli 2023.
Am Fall vun enger Admissioun ginn d'Kandidat*innen spéitstens e Freideg, de 14. Juli 2023 informéiert. Ugeholle Kandidat*inne mussen sech während den nationalen Umeldungsdeeg perséinlech am LTPES presentéieren fir hir Aschreiwung ofzeschléissen.