Skip to main content

Diplomer

Den LTPES proposéiert niewent de schouleschen Ausbildungen, déi zum "Diplôme de fin d'études secondaires" an zum "Diplôme d'État d'éducateur/trice" féieren, och d'Beruffsausbildung zum "agent socio-pédagogique" (DAP Éducation) un.

Diplôme d’État d’Éducateur/trice

Um Enn vun der Klass 1SGED, déi am LTPES als "Terminale" bezeechent gëtt, hunn d'Student*innen en Examen, fir den Diplôme d'État d'éducateur/trice ze kréien. De Erzéierberuff ass um Niveau vum Enseignement secondaire reglementéiert. D'Recht fir de Beruff auszeüben, muss beim Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, Service de la reconnaissance des diplômes, ugefrot ginn.

Diplôme de fin d’études secondaires

Um Enn vun der Klass 1GED, enger 1re vum Enseignement secondaire général (ESG) maachen d’Schüler*innen en Examen, fir hiren Diplôme de fin d’études secondaires ze kréien. Mat dësem Diplom kann een seng Studie weiderféieren, also zum Beispill op eng Héichschoul oder eng Uni goen, oder awer säi Beruffsliewen ufänken.

https://men.public.lu/fr/secondaire/examen-fin-etudes.html

Diplôme d’aptitude professionelle d’assistant socio-éducatif

D' "agents socio-pédagogiques", also d'Diploméiert vum DAP Éducation, hunn déi néideg pedagogesch Kompetenzen, fir an de meeschte Beräicher vun der Betreiung vu Kanner oder Jugendlechen , wéi zum Beispill a Crèchen, a Maisons Relais an a Foyers scolaires, ze schaffen.

https://men.public.lu/fr/grands-dossiers/formation-professionnelle/17-rentree2022.html