Skip to main content

Schoulcharta vum LTPES

Vun 2017 bis 2020 ass an engem partizipative Prozess, un deem d'ganz Schoulgemeinschaft vum LTPES bedeelegt war, eng Schulcharta ausgeschafft ginn.

Si stellt eng Ligne de conduite duer fir d'Gemeinschaftsliewen an d'Interaktiounen vun alle Membere vun der Schoulgemeinschaft duer. Si enthält och dem LTPES seng Leitprinzipien.

Dir fannt hei déi ganz Schulcharta op Däitsch, Franséisch esou wéi a Liichter Sprooch (Däitsch a Franséisch) .

Originalversioun (Franséisch, Däitsch, Däitsch langage facile)

Franséischversioun langage facile

Chartasong

Nohaltegkeetskommitee

Nodeems op Initiative vun enger Enseignante virun e puer Joer ee Fairtrade-Kommitee gegrënnt gi war an den LTPES uschléissend séier zur offiziell zertifiéierter Fairtrade-Schoul ginn ass, ass aus dem Fairtrade-Kommitee vun deemools fir d’Rentrée 2019/2020 den Nohaltegkeetskommitee ginn. Dëse Kommitee verfollegt weiderhin d'Zil, fir d’Thema fairen Handel ëmmer am A ze hunn, mee zousätzlech och nach aner Aspekter vun der Nohaltegkeet ze thematiséieren an eng méiglechst nohalteg Approche am ganze Lycée ze bewierken.

Schoulentwécklungsplang (PDS)

Säit dem Joer 2017 ass all Lycée derzou verpflicht, ee Schoulentwécklungsplang (PDS) op d'Been ze stellen, also eng ëmfaassend Strategie a Bezuch op d'Ausriichtung vun der Schoul, déi op de vun der Schoulgemeinschaft gedeelte Wäerter berouen a fir déi nächst dräi Joer gëlteg ass.

Den LTPES huet sech am aktuelle PDS als Zil gesat eng partizipativ Schoulkultur z’etabléieren. Wat dat genau heescht a wéi d’Ëmsetzung an der Praxis ausgesaït, gitt dir an dësem Video gewuer. Hei kritt dir e kuerzen Abléck mat wat mir eis am Kontext vun eisem Plan de Développement scolaire (PDS) fir Ziler gesat hunn.

https://www.developpement-scolaire.lu/.../partizipativ.../

Fairtrade School

Den LTPES ass eng "Fairtrade School"

Fairtrade School
D'Konzept "Fairtrade School" erlaabt de Lëtzebuerger Lycéeën den Titel "Fairtrade School" ze kréien fir hiirt Engagement fir de fairen Handel. D’Schüler*innen an enger Fairtrade Schoul hunn d’Méiglechkeet, sech fir méi Gerechtegkeet am globalen Handel ze engagéieren, benodeelegt Produzenten direkt ze ënnerstëtzen, hir Aarbechts- a Liewensbedingunge ze entdecken an de fairen Handel alldeeglechen ze fërderen.

Fairtrade Lëtzebuerg, d'Lëtzebuerger Associatioun fir d'Fërderung vum Fairtrade, huet an Zesummenaarbecht mam Ministère de l'Education nationale, dem Ausseministère, der Direktioun fir Kooperatioun an Humanitär Aktioun, Restopolis an der ONG "Arbechtsgrupp Weltbutteker" en innovativt Konzept entwéckelt. fir Lycéeën: d'"Fairtrade School".

"Fairtrade School" ass e Label fir Lycéeën, déi aktiv an der Promotioun vun der Iddi vum fairen Handel involvéiert sinn. D'Zil vun dësem Projet ass eng laangfristeg Sensibiliséierung am Beräich vun der nohalteger Entwécklung, besonnesch d'Fërderung vu Fairtrade an de Lëtzebuerger Lycéeën. D'Schoulen, déi deelhuelen, kréien den Zertifikat "Fairtrade School", deen den Engagement fir d’Iwwerzeegung vum Fairtrade kloer an der Schoulgemeinschaft a vis-à-vis vun allen anere Schoulpartner siichtbar mécht.

Wéi gëtt een eng "Fairtrade School"? Wat sinn d'Critèrën, déi erfëllt gi mussen?
D'"Fairtrade School" verpflicht sech, e "Fairtrade School" Comité ze schafen, deen aus Schüler*innen an Enseignanten zesummegesat ass. D'Aufgabe vum Fairtrade Schoulcomité sinn déi heiten:

  • En Aktiounsplang "Fairtrade School" opstellen,
  • Presentatioun vun engem Rapport um Enn vum Schouljoer,
  • Ëmsetzung, Weiderentwécklung an de Respekt vun de Critèren.

Ausserdeem engagéiert d'"Fairtrade School" sech,

  • d'Thema vum fairen Handel an de passende Schoulfächer ze behandelen (z.B. Geografie, Economie, Relioun/Moral, asw.),
  • op d'mannst eemol am Joer eng Aktioun ze organiséieren, fir fir Fairtrade an der Schoul ze sensibiliséieren;
  • Fairtrade-Produiten permanent an de Konferenz- a -Versammlungsraim vun den Enseignanten anzeféieren,
  • Fairtrade Gedrénks a Snacks a Snackautomaten unzebidden (wann d'Schoul esou Automate bedreift),
  • reegelméisseg Referenz op d'Sensibiliséierungsaktioun "Fairtrade School" ze maachen (zum Beispill op der Websäit, duerch eng Publikatioun, asw.),
  • d'Schoulgemeinschaft iwwer d'Wichtegkeet vun der "Fairtrade School" ze informéieren,
  • den Zertifikat "Fairtrade School" op enger gutt siichtbarer Plaz unzebréngen.

Respectsong

Dëse Videoclip erzielt vun der Participatioun vun der LTPES-Band (mat Participatioun vun Enseignanten a Schüler*innen) um Song-Contest vun der Associatioun respect.lu, déi sech géint gewaltvoll Radikaliséierung an Extremismus an eisem Land asetzt. Mir hu mat eisem Song déi 2. Plaz erreecht. Ee grousse Merci geet u www.respect.lu fir d'Produktioun vun eisem Song.

De Videoclip fannt Dir hei: https://www.youtube.com/watch?v=HnpleBwMRkU

Hei ass ee Pressecommuniqué zum Songcontest: https://respect.lu/wp-content/uploads/2021/12/2021_12_Komm_Presse_Gewinner_SongContest_DE.pdf

Hei fënnt een och nach Fotoen zu der Presentatioun bei respect.lu: https://respect.lu/de/archiven-projekte/