Skip to main content

Ausserschoulesche Aktivitéiten

Den LTPES proposéiert eng breet gefächert Palett vun ausserschouleschen Aktivitéiten aus.
Dës erlaben dacks zousätzlech Qualifikatiounen, déi fir déi spéider Aarbecht am sozialen an am edukative Beräich wichteg sinn.
Aner Aktivitéiten verfollegen éischter och d'Zil vum perséinlechen Ausgläich, vum Wuelbefannen a vun der Gruppdynamik, wéi z.B. Sportaktivitéiten a Achtsamkeetstraining.
Donieft verfollege spezifesch schoulesch Offeren (cours d'appui) d'Zil vun der Ënnerstëtzung am schoulesche Beräich, ëmmer mat der Zilsetzung vun enger beschtméiglecher Qualifikatioun.

D'Schüler*innen an d'Student*innen vum LTPES fannen all Informatiounen zu den Angeboter an der entspriechender Teams-Grupp.

Ausserschoulesche Aktivitéiten: Activités certificatives

Offer (auszugsweis):

  • Brevet de sauvetage
  • Bëschcoaching
  • DGS
  • Secouriste en santé mentale
  • Cannabis- an Alkoholpreventioun
  • Jugendschutz fir jiddereen
  • SNJ animateur spécialisé
  • Bénévolat
  • Classe neige

Activités péri-para-scolaires:
Bien-être

Offer (auszugsweis):

  • Sport (Volleyball, Basketball, Beachvolleyball, ...)
  • LASEL (z.B. Interclasse)
  • Classe neige
  • Achtsamkeet
  • LTPES Band
  • Lieu de vie
  • Liesatelier
  • Gitarenunterrécht a Stëmmbildung

Cours d'appui

Offer (auszugsweis):

  • "Appui" a bal alle Schoulfächer
  • Atelier Léierstrategien
  • Tutorat Mémoire de stage fir 1SGED
  • Tutorat zum wëssenschaftleche Schaffen
  • Workshop Stage