Schouloffer
Hei fannt Dir Informatiounen zu der Offre scolaire vun eisem Lycée.
Am Zentrum vun der Formatioun stinn d'Entwécklung vun enger berufflechen Identitéit, enger pädagogescher Haltung an der reflexiver Assimilatioun vum berufflechen Handelen.
Enseignement secondaire général (cycle supérieur) GED
Enseignement secondaire général (cycle supérieur)
De Lycée Technique pour Professions éducatives et sociales (LTPES) ass deen eenzege Lycée zu Lëtzebuerg, deen d'Sektioun "Formation de l'éducateur/trice" (GED) am "plein temps" ubitt.
D'Sektioun GED bereet d'Schüler*innen esouwuel op een tertiärt Studium ewéi och op déi berufflech Qualifikatioun als Erzéier*in vir. An alle Schouljoeren si länger Stage als Deel vum Plan d'études virgesinn. D'Sektioun GED huet eng duebel Finalitéit, andeems si de Schüler*innen d'Méiglichkeet bitt, zwee Ofschlëss ze maachen:
- de Premièresdiplom, deen een nom erfollegräichen Ofschloss vum 1. Deel vun den Étude kritt (2GED an 1GED);
- den Diplôme d'État als Éducateur*trice nom erfollegräichen Ofschloss vum zweeten Deel vun der schoulescher Ausbildung, also der 1SGED (Ofschlossklass, déi aus engem allgeméngbildenden an engem differenzéierenden Deel besteet).
De*D' Schüler*in begëtt sech vun Ufank un an d'Logik an d'Dynamik vun enger Qualifikatioun am Edukativen an am Sozialen. Déi formativ Ziler, déi sech op déi zwee Deeler vun der schoulescher Formatioun an op déi entspriechend Finalitéite bezéien, sinn enk mateneen verbonnen.
D'Domaines de différenciation am Ofschlossjoer ("Terminale") sinn dës:
- D1: Pédagogie de l'animation sociale, éducative, sportive et culturelle;
- D2: Approches éducatives des processus de développement;
- D3: Planification, organisation et coordination au sein des équipes éducatives et sociales.
NOUVEAUTÉS (à partir de l'annéee scolaire 2023-24):
- D4 (= D1 bis): Pédagogie des activités socio-sportives;
- D5 (= D2 bis): Approches éducatives en faveur du développement linguistique de l’enfant.
De Studieprogramm (programme directeur) vun der GED-Sektioun am LTPES baséiert op 4 grousse Léierberäicher:
1. „Kulturen, Sozialisation, Kommunikation und Erziehung zum mündigen Bürger.
2. Erzieherische und soziale Intervention im Rahmen von Entwicklungs- und Bildungsprozessen.
3. Organisations- und Institutionsentwicklung.
4. Persönliche Entwicklung.“
Dëst erlaabt et, eng eegestänneg Berufsidentitéit ze entwëckelen mat villsäitege Kompetenzen a beruffsspezifischen Haltungen.
D'Sektioun GED am Iwwerbléck
-
Type de Formation
- Formation à temps plein
-
Durée
- 1. Etapp (2GED & 1GED)
- 2. Etapp (1SGED)
-
Niveau d'études
- Diplôme de fin d'études secondaires générales
- Diplôme d'État d'éducatrice/d'éducateur
-
Enseignéiert Matièren
- Pädagogik
- Beruffpraxis (Stegaen) a Methodik
- Psychologie
- Entwécklung iwwert d'ganz Liewensspann
- Sproochen
- Anerer
-
Admissioun
- All Schüler*in mat enger gepacktener 3e (générale oder classique) oder enger gepacktener gläichwäerteger Klass
- "Admission conditionnelle" (sur dossier) méiglech
Beruffsausbildung DAP Éducation
Fir d’Schouljoer 2026/2027 bitt den LTPES keng DPED Klass un.
Beim DAP Éducation handelt et sech ëm eng dräijäreg Beruffsausbildung a Vollzäit. Si befähegt d'Schüler*innen sech déi néideg pädagogesch Fähigkeeten unzeeegnen, fir kënnen als Agent socio-pédagogique an deene meeschte Beräicher vun der Kanner- a Jugendbetreiung ze schaffen, wéi z. B. a Crèchen, Maisons Relaien oder Foyers scolairen.
D'Formatioun preparéiert d'Schüler*innen op d'Betreiung vu Puppelcher a Kanner. Si ginn ausgebilt fir Kanner aus ënnerschiddlechen Alterskategorien ze beobachten an hir Bedierfnesser ze erkennen. Ausserdeem léiere si, wéi een d’Kanner an hirer alldeeglecher Entwécklung begleede kann, fir e Raum ze kreéieren, an deem si fräi experimentéieren an sech entwéckele kënnen.
Wärend der Ausbildung mussen d'Schüler*inne fënnef Stagen vu jeeweils 6 Wochen am Beruffsfeld maachen.
Den DAP Éducation am Iwwerbléck
-
Type de Formation
- Formation professionelle à temps plein
-
Durée
- 3 Joer
-
Niveau d'études
- Diplôme d’Aptitude Professionnelle
-
Bezeechnung vum Beruffsbild
- Agent socio-éducatif
-
Unterréchtsfächer
- Franséisch / Däitsch (au choix)
- Sport
- Éducation à la santé
- Éducation à la citoyenneté
- Begleitung, Bildung und Betreuung
- Entwicklung des Kindes
- Handeln in spezifischen Begleitsituationen
- Kommunikation und Gestaltung professioneller Beziehungen
- Reflexive Praxis
- Erste Hilfe
- Basteln und Werken
- Sportaktivitäten
- Integréiert Projet a Stagen
-
Admissiounskonditiounen
- erfollegräichen Ofschloss vun enger 5e AD / 5eP
D'Sektioun GSO als Preparatioun op d'Sektioun GED
D'sozialwëssenschaftlech Sektioun (GSO) am LTPES preparéiert primär op d'GED Sektioun. D'Klassen 2GSO an 1GSO wäerten am LTPES net ugebuede ginn. Säit dem Schouljoer 2025/26, gëtt eng 4GSO-Klass ugebueden, am Schouljoer 2026/27 bidde mir och eng 3GSO-Klass un.
D’Admissiounskonditioune fir d‘4GSO:
Erfolgräichen Ofschloss vun enger 5C oder enger 5G op engem allgemeng fortgeschratte Niveau mat folgenden zousätzleche Konditiounen:
An den Naturwëssenschaften (sciences naturelles) an an de Sozialwëssenschaften (sciences sociales): an engem vun den zwee Fächer eng Joresmoyenne, déi engem staarken Niveau (niveau fort) entsprécht, an deem anere Fach eng Joresmoyenne, déi genügend (niveau suffisant) ass.
Horaires et programmes
An dëser Rubrik fannt Dir de Link op d'Grilles horaires, déi all Joer per Règlement grand-ducal festgeluecht ginn, esou wéi op d'Programmer an d'offiziell Schoulbicher.
D’Promotioun an de Klassen vum Enseignement secondaire berécksiichtegt d'Koeffiziente vun de verschiddene Fächer esou wéi gegebenenfalls d'Branches fondamentales, déi an de Grilles horaires ugi sinn.
Hei ass den entspriechende Link:
https://ssl.education.lu/eSchoolBooks/Web/ES
Erklärungen zu deenen eenzele Fächer
An dëser Rubrik fannt Dir kuerz Erklärungen zu deenen eenzelne Fächer op deene verschiddene Klassen.
Cours d‘appui
Offer (auszugsweis):
- "Appui" a bal alle Schoulfächer
- Atelier Léierstrategien
- Tutorat Mémoire de stage fir 1SGED
- Tutorat zum wëssenschaftleche Schaffen
- Workshop Stage