Skip to main content

Lycée

De Lycée technique pour professions éducatives et sociales, LTPES, ass deen eenzegen spezialiséierte Lycée fir edukativ a sozial Beruffer zu Lëtzebuerg. Nieft dem Diplôme de fin d'études secondaires générales an dem Diplôme d'État d'éducateur bitt den LTPES och den DAP Education un.

D'Communauté scolaire setzt sech zesummen aus de Schüler*innen, Student*innen, dem ganze Personal an den Elteren. Eis ass et wichteg, datt d'ganz Schoulgemeinschaft um Schoulliewe participéiert.