Skip to main content

Projeten

An dëser Rubrik fannt Dir Informatiounen iwwert eis Projeten am wäite Sënn. Dozou gehéieren, nieft europäesche Projeten, "Projets de l'Etablissement", thematesch Wochen an Deeg, Ausstellungen an aner spezifesch Projeten an Eventer.

National, europäesch an international Projeten an Kooperatiounen

D'Schüler*innen vun den 1GED-Klassen hunn d'Méiglechkeet hir 6-Wochen Stage iwwer en Erasmus+ Programm a verschiddenen Institutiounen am Ausland (iwwer ganz Däitschland, Éisträich,...) ofzeschléissen. - Am Schouljoer 2022/23 ass en Erasmus+ Projet am Kader vum Schoulentwécklungsplang am Beräich vun der "demokratescher a partizipativer Schoulkultur" lancéiert ginn. An  ausgewielten Partnerschoulen am Ausland ginn Hospitatiounen duerchgefouert an et fënnt e regelméissegen Austausch mat de Partnerschoulen statt.

Projets d’établissement

Mir sinn am gaang een neie Projet d'établissement op d'Been ze setzen. All Informatiounen dozou kritt Dir hei, esou bal eng nei Equipe sech zesummefonnt huet an d'Projetsiddi vum Conseil d'éducation approuvéiert ginn ass. Deen neie Projet d'établissement soll a Relatioun stoen mam aktuelle Plan de développement scolaire.

Dee leschte Projet d'établissement "Digilog" ass 2021/22 ofgeschloss ginn. Dir fannt déi offiziell Informatiounen ënnert folgendem Link:

https://portal.education.lu/Portals/44/Brochures/Brochure%202021-2022.pdf?ver=fXySeknjHXhRH_iorBHDZw%3d%3d

Thematesch Wochen an Deeg

Ausstellungen

Mir probéieren ëmmer erëm Ausstellungen an den LTPES ze kréien, déi gesellschaftlech a sozial Themen ofdecken an domat zum kriteschen Denken an Hannerfroen ureegen. Dir fannt Informatiounen dozou jeeweils an den News ("Aktualitéit").

Definitiv am Gebai hu mir d’Dauerausstellung “100 Joër Fraewahlrecht”, déi mir am Joer 2021 vum Ministère de l’Égalité entre les hommes et les femmes geschenkt kruten. Ze besichtegen ass se an eiser Bibliothéik um 2. Stack.