Skip to main content

Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques (ESEB)

Jugendleche mat spezifeschen edukative Besoinen fält d'Léiere meeschtens weesentlech méi schwéier ewéi der Majoritéit vun de Gläichaltregen a si kënne besonnesch Schwieregkeeten oder Beanträchtegungen opweisen. Dës Bedürfnisser kënnen sech op d'Beräicher Motorik, Sehsënn, Héieren, Sprooch, Léieren, kognitiv Entwécklung oder Verhale bezéien oder a Rapport mat enger Krankheet opdauchen. Betraffene Schüler*innen oder Student*inne kënne verschidde Fërdermoossnamen ugebuede ginn, déi op déi individuell Besoinen zougeschnidde sinn.

D'ESEB bitt de Schüler*innen an de Student*innen:

  • Ënnerstëtzung, Begleedung a Betreiung bei spezifeschen edukative Besoinen.
  • Berodung vu Schüler*innen, Student*innen, Elteren an Enseignanten
  • Virstellung vun de Besoinen vun deene Betraffenen an der Commission d'inclusion scolaire (CIS).
  • An d'Wee leede vun de Prozedure fir déi néideg Ënnerstëtzung am schoulesche Kontext (CAR/CNI)
  • Erstelle vun Diagnosen
Portrait: KLASEN Lisa

KLASEN
Lisa

ESEB
Pédagogue
 
Portrait: KLEPPER Anne

KLEPPER
Anne

ESEB
Pédagogue
 
Portrait: MICHELS Nadine

MICHELS
Nadine

ESEB
Pédagogue
 
Portrait: NOBEN Max

NOBEN
Max

ESEB
Psychologue