Skip to main content

LTPES um Mierscher Chrëschtmaart: E kulinarescht Fest fir d'Sënner!! 🎄🎅

| News LU

Um Weekend vum 02.12.2023 op den 03.12.2023 war zu Miersch eng méi lass. De Mierscher Chrëschtmaart huet vill Leit ugezunn an och mir waren mat dobäi. De Stand vum LTPES huet jiddereen op e kulinarescht Abenteuer agelueden.

Vun Buppen bis Glühwäin, de Stand hat eppes Leckert fir all Gaumen unzebidden. D'Leit hunn sech dat net entgoe gelooss an ons Beméiungen hat grousse Succès. De Mix aus Iessen an Gedrénks huet de Chrëschtmaartsspaass perfekt gemaach.

Den Stand war Samschdeg vu 18:00 bis 01:00 Auer an Sonndeg vu 11:00 bis 18:00 Auer ob. Perfekt fir ze entspaant, ze probéieren an d'Chrëschtmaartsatmosphär ze genéissen. Mir sinn iwwerzeegt, dass jiddereen et genoss hunn.

D’Geld, wat um Chrëschtmaart gesammelt gouf, gëtt an ons Classe de neige investéiert. D’Schüler*Innen soen Iech e grousse Merci!

E grousse Merci och un all déi, die do waren an eis op dësem Weekend um Stand gehollef hunn. Mir hunn eng flott Zäit zesumme verbruecht a freeën eis op nächste Kéier!