Skip to main content

2 Ausgab vum Sozialstamminet: D'Ausbildung vun den Erzéier*innen - wéi eng Erausfuerderungen stinn un?

| News LU

Den 12. Dezember 2023 huet am Kader vun "50 Joer - Erzéien als Beruff " eng ureegend Gespréichsronn stattfonnt. D’zentralt Thema vum Owend war: " D'Ausbildung vun den Erzéier*innen - wéi eng Erausfuerderungen stinn un?"

D’ Evenement huet e ganz besonnesche Moment fir Experten, Pädagogen an Interesséiert gebuede fir sech iwwer aktuell Erausfuerderungen an der Ausbildung vun Erzéierinnen auszetauschen. Den gemittleche Café Brasserie "AAL ECHTERNOACH" war de perfekte Uert fir en informativen Austausch ze erliewen.

De Stamminet, deen um 18:30 Auer ugefaang huet, gouf vun enger ausgewielter Gästelëscht gepräägt:

  • Gilles Dhamen: Eemolege Schüler vum LTPES an premier conseiller du gouvernement
  • Claudine Muller: Direktesch vum LTPES an eng ugesinn Persoun mat engem fungéierte Wëssen an der Educatioun.
  • Nishat an Liam vum Schülerkomitee aus dem LTPES: D’ Vertrieder vun der nächster Generatioun vun Erzéier*innen an engagéier Schüler*in vum LTPES.
  • Fabienne Steffen: Direktesch vun Elisabeth.
  • Alain Closter: Eemolege Schüler vum LTPES an schafft an enger Maison Relais

De ganze Stamminet gouf vum erfuerene Petra Boewen moderéiert, wat d’ Diskussioun gefouert huet an interessant Asiichte vu den Invitéen gewonnen huet.

Interesséierter konnten sech virun iwwer den QR-Code op der Flyer umellen fir aktiv un dësem Austausch deelzehuelen. D’ Evenement huet net nëmmen d’ Méiglechkeet gebueden, sech iwwer d’ Erausfuerderungen an der Erzéierausbildung ze informéieren, mee och perséinlech Erfarungen ze deelen an zesumme no Léisungen ze sichen.

De Stamminet am Café Brasserie "AAL ECHTERNOACH" war en vollen Erfolleg an huet dobäi gehollef, d’ Bedeitung vun der Erzéierausbildung an den Fokus ze setzen an e produktive Dialog an der Bildungsgemeinschaft ze fördern. Mir soen allen Participantë merci a freeën eis op weider inspiréierent Evenementer am Kader vu " 50 Joer - Erzéien als Beruff".