Skip to main content

Schachtournoi am LAML: Eise Schüler Ivan ënnert den Top 10!

| News LU

De leschte Freideg, de 15. Dezember 2023, hunn dräi vu onse motivéierte Schüler*innen um Schachtournoi vum LAML deelgeholl. E grousse Bravo geet un den Ivan, deen et gepackt huet, sech ënnert 103 Participanten an d'Top 10 ze spillen!

Mir wëllen eis häerzlech bei all Persounen bedanken, déi bei dësem spannende Evenement dobäi sinn konnten. Et erfëllt eis mat Stolz, sou motivéiert Schüler*innen an eise Reien ze hunn.