Skip to main content

Mental Gesondheet bei Kanner a Jugendlecher an der Friemënnerbréngung

| News LU

Am Kader vum 50. Anniversaire vun der Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen zu Lëtzebuerg presentéiert d’Pascale Engel de Abreu an hier Equipe vum Grupp fir Sozio-Emotional a Kognitiv Entwécklung op der Universitéit Lëtzebuerg hire Fuerschungsprojet HERO. HERO ass déi éischt landeswäit quantitativ Studie, déi sech mat der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher beschäftegt, déi an Heemer a Fleegefamilljen zu Lëtzebuerg opwuessen, och als Friemënnerbréngung bekannt. Am Joer 2023 goufen zu Lëtzebuerg eng 1.400 vulnerabel Kanner a jonk Erwuessener ausserhalb vun hire Familljen ënnerbruecht.

E Placement ass eng Mesure, bei der Kanner a Jugendlecher an d’Ophutt vum Staat geholl ginn, deen domadder d’Verantwortung fir hir gesond Entwécklung dréit. Allerdéngs weist d’international Fuerschung kloer, dass et ee méi héije Risiko vun Entwécklungs- a psychesche Problemer bei Kanner gëtt, déi placéiert goufen. D’Promotioun vun der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher a Friemënnerbréngung ass en zentraalt Uleies vun der Kannerschutzpolitik. Fir effektiv Interventiounen a Präventiounsmesurë fir vulnerabel Kanner a Jugendlecher ze entwéckelen, ass e bessert Verständnis vun de Facteuren néideg, déi d’mental Gesondheet an d’Entwécklung beaflossen.

An Zesummenaarbecht mam Lycée technique pour professions éducatives et sociales an dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher.

 

Mellt Iech elo u fir e Bléck an déi spannend Thematik vun HERO zu werfen! 🧠📚

Datum: 20.03.2024
🕑 Umeldung: https://bnl.public.lu/.../2024/friemennerbrengung.html
📍 Locatioun: Bibliothèque nationale du Luxembourg