De leschten Donneschdeg, 24. Oktober, war eng Ekipp vum LTPES op de LASEL Futsal Championnat op Wolz gefuer fir géint d'Lycéeën ALR, LNW an LESC unzetrieden.
No 2 Victoirë géint den LESC an den LNW hunn d'Jongen dunn an enger sougenannter "Finall" géint den ALR de Kierzeren gezunn an hunn et verpasst fir sech fir de nächsten Tour ze qualifizéieren.
Trotz haardem Kampf a groussem Asaz, ass et awer fir eng ganz staark 2. Plaz duer gaang. Gratulatiounen un eis Spiller!