Skip to main content

MediaDay 2026

| News LU
Och dëst Joer war de MediaDay e grousse Succès.

Mat vill Virwëtz, Kreativitéit an Engagement sinn eis 223 Schülerinnen a Schüler aus der 2GED an déi spannend Welt vun de Medie agedaucht.

De MediaDay gouf organiséiert vun Terminals Schülerinnen a Schüler a war zu Miersch am LTPES, dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales.

A méi wéi 20 Atelieren an interaktive Statiounen hunn d’Schülerinnen a Schüler sech mat aktuelle Medientheemen auserneegesat. Dobäi goufen ënner anerem Froe behandelt wéi: Wéi erkennt een Fake-Accounts a Falschinformatiounen? Wéi privat si meng sozial Netzwierker wierklech? Oder wéi eng Geforen huet d’Spillsucht am digitale Beräich? Weider Atelieren hu sech mat digitale Trends, der Sécherheet um Internet an dem verantwortungsvollen Ëmgang mat Medie beschäftegt.

Besonnesch fir d’Schülerinnen a Schüler aus der Erzéierausbildung (2GED) war de MediaDay eng wäertvoll Erfarung. An de Workshops konnten si konkret pedagogesch Handlungsweisen an Aktivitéite kenneléieren an ausprobéieren, déi si spéider am Stage oder an hirer Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen asetze kënnen. Doduerch gouf de Bezuch tëscht Mediekompetenz an der pedagogescher Praxis direkt erliefbar.

D’Zil vum MediaDay ass et, déi jonk Generatioun op d’Erausfuerderunge vun der digitaler Welt virzebereeden an hir Mediekompetenz ze stäerken. Dobäi steet e bewossten, kriteschen a verantwortungsvolle Gebrauch vu Medie am Mëttelpunkt.

Et war en Dag voller Inspiratioun, neien Erkenntnesser a spannende Momenter d’Fotoe schwätze fir sech!