Op eiser Personal-Chrëschtféier gouf och dëst Joer nees fläisseg fir e gudden Zweck gesammelt. Dobäi konnt souguer en neie Rekord opgestallt ginn: Insgesamt sinn 3.400 Euro zesummekomm.
Mir hu bewosst d’ASA asbl als Beneficiaire ausgewielt, well mir am LTPES selwer schonn d’Chance haten, duerch d’ASA asbl en Assistenzhond – d’Saga – finanzéiert ze kréien.
Vertrieder vum Comité de la Conférence hunn de Scheck mat grousser Freed un d’ASA asbl iwwerreecht a freeën sech, esou e wichtege Projet kënnen z’ënnerstëtzen.
D’Sarah Muller an hir Arbëchtskolleg_innen vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn eis zwou Woche laang immens fachkënneg a sympathesch duerch d’Ausstellung „Sproochen zu Lëtzebuerg“ begleet. An dëser Zäit konnten d’Klasse vun eiser Terminale, also aus dem 3. Ausbildungsjoer, un enger Rei Visitten am Beräich Linguistik deelhuelen. Ausserdeem gouf och eng IFEN-Formatioun fir d’Enseignanten ugebueden.
Nieft dësen Aktivitéite gouf och dem Yves Steichen säi Filmowend um Campus Miersch organiséiert, esou wéi eng ganz Rëtsch vu Besichtegunge fir extern Interesséierter, ënnert anerem fir de Biergerpakt.
Mir freeën eis drop, och dat nächst Joer nees mam ZLS ze kollaboréieren.
D’Participatioun um Chrëschtmaart zu Miersch, organiséiert duerch eise Projet d’établissement mam Titel ‘De Raum als 3. Erzéier_in’ an de Service socio-éducatif mam Projet Skistage 'Inklusiounswoch am Schnéi', hat d’Zil d'Schoul an der Regioun Miersch ze vertrieden, Netzwierkaarbecht ze leeschten, eis Schoulinhalter virzestellen an d’Schüler_innen aktiv mat anzebezéien.
Nieft dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks gouf fir d’éischt Kéier eis pädagogesch Roulotte präsentéiert. Kuerzgeschichten no der japanescher Erzielkonscht Kamishibai goufen de Kanner virgelies. Och Facepaintingan dekorativ, selwer hiergestallten Dekoratiounsartikele goufen ugebueden.
E grousse Merci un all déi hëllefend Hänn – besonnesch un d’Schüler_innen aus der CLIJA, der DP3ED, der 4GSO, de 2GED-Klassen an den etlechen Terminales Klassen.
Sollt Dir dëst schéint Evenement verpasst hunn, sidd Dir häerzlech invitéiert op de Chrëschtmaart um Campus Scolaire Miersch den 11. Dezember 2025 tëscht 14:00 a 19:00 Auer.
E grousse Merci un d’UNICEF-Team (Madame Schmit a Madame Felten), dat eis den 18.11.2025 am Kader vum Thema "Kannerrechter an der pädagogescher Aarbecht" am Fach BEBIB vum 3. Ausbildungsjoer am DAP Éducation besicht huet.
Eis zukünfteg Agents-Pédagogiquen hunn eng gutt verständlech Aféierung an d’Aarbecht vun UNICEF Lëtzebuerg an UNICEF International kritt an hu vill konkreet Praxisbeispiller kennegeléiert.
Den 29. Oktober 2025, huet de Lycée technique pour professions éducatives et sociales am Kader vun der Järlecher Zeremonie eng Wallis vun der « Rucksakbibliothéik » am Escher Theater iwwerreecht kritt, a Präsenz vum Här Claude Meisch, Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, an der Madame Elisabeth Margue, Ministre de la Justice.
D’« Rucksakbibliothéik. Vun de Schoule fir d'Schoulen » ass een interdisziplinäre Projet, deen et Schüler_innen erméiglecht, sech duerch verschiddene pädagogesch a spilleresch Aktivitéiten ee verdéiftent Verständnis vum Zweete Weltkrich unzëeegnen. Deen 2017 vun der Aarbechtsgrupp « Pédagogie et Sensibilisation » vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale (CM2GM) an d’Liewe geruffene Projet zielt haut eng Abberzuel vu Lycéeën a Schoulen a sengem Netzwierk.
Den 2016 gegrënnten CM2GM regruppéiert d‘Vertrieder vun der Resistenz, den Zwangsrekrutéierten an den Affer vun der Shoa. Zu sengen Aufgabe gehéiert et ënnert anerem, d’Mémoire un den Zweete Weltkrich ze fërderen an d‘Ëffentlechkeet, besonnesch d‘Jugend, ze sensibiliséieren.