Schoulrees op Aix-en-Provence
| News LU
Vum 28. Juni bis den 1. Juli hu 4 Schüler:innen aus der 1SGED08 an 11 Schüler:innen aus der 2GED02 un enger pädagogescher Rees op Aix-en-Provence deelgeholl.
Am Camp des Milles hunn si eng Visite guidée vun engem Deportatiounslager vum 2. Weltkrich gemaach. D'Schüler:innen hun och un engem Atelier iwwer d’Entstoe vu Virurteeler deelgeholl an sech domat befaasst, wéi Stereotyppen zu Diskriminatioun an am schlëmmste Fall bis zu engem Genozid féiere kënnen.
De kulturelle Programm gouf duerch Visitten zu Marseille ofgeronnt, ënner anerem an der Grotte Cosquer, wou d’Grupp déi impressionant prehistoresch Fielsmolereie kennegeléiert huet



