All Bibliothéiksbenotzer*in muss sech enregistréieren a kritt ee Biobliothéiksauswäis.
Folgend Konditioune gëllen, fir Bicher auszeléinen:
Et kënnen héchstens 5 Bicher gläichzäiteg ausgeléint ginn.
D'Bicher kënnen héchstens 1 Mount laang ausgeléint ginn, ausser et läit eng gutt argumentéiert Demande vir (z.B. Besoin fir de Stage, fir den Travail personnel TraPe oder e Mémoire).
D'Persoun, déi ee Buch ausléint verflicht sech, d'Buch uerdnungsgemäss zréckzeginn an e beschiedegt Buch oder ee Buch, dat se net zréckgëtt, ze ersetzen.
Fir all weider Informatiounen, kann een sech un de Bibliothekär wenden.