Skip to main content

Der Freiheit so fern: Kinder- und Zwangsarbeit im 21. Jahrhundert

| News LU

Den Nohaltegkeetscomité vum LTPES, an Zesummenaarbecht mat Fairtrade Lëtzebuerg, invitéiert all interesséiert Leit op d’Ausstellung

„Der Freiheit so fern: Kinder- und Zwangsarbeit im 21. Jahrhundert“

vum 26. Februar bis den 1. Mäerz 2024 am LTPES.

Elo méi wéi jee ass Zwangsaarbecht eng batter Realitéit fir Millioune vu Leit ronderëm d‘Welt. Eleng a Westafrika schätzt d‘International Labour Organization (ILO) d‘Zuel vun de Kanner, déi an der Kakaoindustrie schaffen, op iwwer 1,5 Milliounen. Laut Informatioun an Daten, déi d‘ILO an d‘UNICEF gesammelt hunn, goufen am Joer 2023 ronn 160 Millioune Kanner weltwäit gezwongen ze schaffen, dat heescht eent op zéng Kanner op der Welt. D‘Haaptursaach ass déi schlecht wirtschaftlech Situatioun vun de Kanner an hire Familljen, déi dacks gezwonge sinn, hir Kanner op Felder oder Plantage schaffen ze loossen.

Fir weider Infoen kontaktéiert Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bis geschwënn op der Expo hoffentlech!