Skip to main content

Dag vum Gesellschaftsspill 🎲

| News LU

E Samschdeg, den 9. Mäerz organiséiert den LTPES vun 13h30 bis 17h00 e flotte Moment fir jiddereen, deen u Gesellschaftsspiller interesséiert ass.

Et geet heibäi haaptsächlech drëm, de Spaass um Spill vun den Erwuessenen um Terrain (inkl. Jugendlecher vun ca. 12 Joer un) an de Mëttelpunkt ze stellen. De Spaass um Spill ze kennen an ze vermëttelen an d’Spill wäertzeschätzen ass einfach, wann een de Spaass um an de Wäert vum Spill selwer erlieft!

Jiddereen ass wëllkomm! Eis Schüler_inne verkafe Kuch a Croque-Monsieur’en.