Porte Ouverte 2025
Den LTPES huet seng Dieren e leschte Freideg fir Iech opgemaach, a mir hate grousse Succès!
Et huet eis gefreet, esou vill Leit begréissen ze dierfen, déi eis Schoul a Programmer kenneléiere wollten.
Eis Direktioun huet mat véier informative Presentatiounen d’Eegenaart an d’Schouloffer vun eisem Lycée virgestallt a gläichzäiteg de Visiteuren en Abléck an eise Lycée ginn.
E grousse Merci geet un all eis Enseignanten, déi mat vill Engagement a Kreativitéit hir Fächer op spannend Manéier presentéiert hunn.
E spezielle Merci geet och un d’Mataarbechter_innen aus eiser Administratioun an aus eise Servicer esou wéi un eis Conciergen, déi sech all mat vill Asaz ëm den Empfank, d'Organisatioun an d’Informatiounen zu den Aschreiwungen, zu dem ganze peri- a parascolaire Beräich an de Prises en chargen gekëmmert hunn.
Natierlech wëlle mir och eise Schülerkommitee ervirhiewen, deen d'Visite guidée mat vill Engagement iwwerholl huet an eise Gäscht en eenzegaartegen Abléck an de Schüler_innen-Alldag ginn huet.
Mir freeën eis drop, Iech am nächste Schouljoer nees bei eis begréissen ze dierfen!