Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“ 2025
Wéinst der Omnipresenz vun den digitale Bildschiermer ass d‘Beweegung ee weesentlecht Element fir d'deeglecht Gläichgewiicht ze fërderen. Et stäerkt och d‘sozial Interaktiounen an d'Entwécklung vu wichtegen anere Fäegkeeten.
Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsfërderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.
D'Editioun vum Symposium vun dësem Joer konzentréiert sech op Zirkus- an Outdoor- an Erliefnëspädagogik. D'Participante kënne vun zwou Keynote-Virliesungen an enger breeder Pallette vu praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten iwwert déi sënnvoll Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten aus de genannte Beräicher profitéieren.
Um Programm stinn Aktivitéiten a verschiddene Kontexter mat an ouni spezifesch Ariichtungen (Bësch, Wiss, Sportshal, Schoulhaff an aner Ausseberäicher vu Schoulen, Beweegungsraum, Klassesall, Zirkushal) a weist op, wie beweegungsfërdernd Zirkus-, Outdoor- an Erliefnespädagogik sinn. Dobäi ginn och d‘sozial Kompetenzen implizit gefërdert, Grenzen ausgelot a Selbstvertrauen an domat Resilienz opgebaut.
Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.
De Symposium ass Deel vum IFEN-Weiderbildungsprogramm (Symposium: Bewegung, mehr als nur Sport? Sport, mehr als nur Bewegung?) fir d’Participanten aus der Educatioun an d’Participatioun um Symposium gëtt och vum Service National de la Jeunesse (SNJ) (Bewegung mehr als nur sport? Sport mehr als nur bewegung? | Elisabeth forméiert) am Kader vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm am Secteur vun der non-formaler Bildung unerkannt.