Skip to main content

Fënnef Enseignanten vum LTPES bei enger Formatioun am Camp des Milles

| News LU

Vum 7. bis den 11. September 2025 hu fënnef Enseignantë vum LTPES un enger Formatioun am Camp des Milles deelgeholl, enger Plaz vun Erënnerung a Geschicht zu Aix-en-Provence.

 Déi fréier Zillefabrick gouf fir d’éischt an en Internéierungslager an duerno an en Deportatiounslager ëmgewandelt. Méi wéi 10.000 Leit goufen do internéiert, ronn 2.000 an nationalsozialistesch Lager deportéiert.

 Am Kader vun dëser Formatioun hunn d’Participant(inn)en iwwer d’Urspréng vum Rassismus an dem Antisemitismus nogeduecht, souwéi iwwer verschidde méiglech Forme vum Widderstand géint Ënnerdréckung. Zousätzlech hunn d’Enseignanten didaktescht a pädagogescht Material kritt, wat hinnen erméiglecht, dës Theemen an hiren Unterrecht z’integréieren, souwuel wéi bei anere Geleeënheeten, z. B. dem Holocaust Remembrance Day, deen an eisem Lycée organiséiert gëtt.