Skip to main content

LTPES goes Chrëschtmaart

| News LU

D’Participatioun um Chrëschtmaart zu Miersch, organiséiert duerch eise Projet d’établissement mam Titel ‘De Raum als 3. Erzéier_in’ an de Service socio-éducatif mam Projet Skistage 'Inklusiounswoch am Schnéi', hat d’Zil d'Schoul an der Regioun Miersch ze vertrieden, Netzwierkaarbecht ze leeschten, eis Schoulinhalter virzestellen an d’Schüler_innen aktiv mat anzebezéien.

Nieft dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks gouf fir d’éischt Kéier eis pädagogesch Roulotte präsentéiert. Kuerzgeschichten no der japanescher Erzielkonscht Kamishibai goufen de Kanner virgelies. Och Facepainting an dekorativ, selwer hiergestallten Dekoratiounsartikele goufen ugebueden.

E grousse Merci un all déi hëllefend Hänn – besonnesch un d’Schüler_innen aus der CLIJA, der DP3ED, der 4GSO, de 2GED-Klassen an den etlechen Terminales Klassen.

Sollt Dir dëst schéint Evenement verpasst hunn, sidd Dir häerzlech invitéiert op de Chrëschtmaart um Campus Scolaire Miersch  den 11. Dezember 2025 tëscht 14:00 a 19:00 Auer.

Image min

1Chreschtmaart 030516 min

2Chreschtmaart 030518 min

3Chreschtmaart 030493 min

 

Image 1 min

Image 2 min

Image 3 min