Holocaust-Gedenkdag
Am Kader vum Holocaust-Gedenkdag huet den LTPES e Moment vum Austausch a vum Erënneren organiséiert an d’Madamm an den Här Cukier-Jakubowicz empfaangen, Zeie vun der zweeter Generatioun vun der Shoah.
Duerch androcksvoll Erzielungen iwwer d’Leed, dat hir Familljen am Zweete Weltkrich hu missen erliewen, konnten ongeféier honnert Schülerinnen a Schüler sech de dramatesche Realitéite méi no bréngen, déi d’jiddesch Communautéit ënner dem nationalsozialistesche Regimm erlieft huet.
Dës Temoignagen hunn engem dacks éischter theoretesch behandelte, tragesche Kapitel vun der Geschicht eng mënschlech a gräifbar Dimensioun ginn. D’Begéinung huet domat e wichtege Moment vun der Reflexioun a Sensibiliséierung duergestallt an d’Schülerinnen a Schüler dozou ugestouss, iwwer d’Konsequenze vun Haass, Ausgrenzung a Vergiessen nozedenken.







