Skip to main content

Fit for Future 2026

| News LU

Eis Terminale-Klassen hunn e leschten Donneschdeg, den 30. Abrëll, en Abléck kritt, wéi hire Wee nom Ofschloss am LTPES weidergoe kann. Am Kader vum traditionelle „Fit for Future“ haten si d’Geleeënheet, sech mat Fachleit auszetauschen a wäertvoll Ablécker an d’Aarbechtswelt an an d’Studiewelt ze kréien.

Ob praktesch Atelieren oder inspiréierend Virträg – de Programm war villfälteg a fir jidderee beräicherend. Bei dëser Editioun konnte mir esou vill Intervenanten ewéi nach ni begréissen – dat motivéiert eis a mir freeën eis schonn op déi nächst Editiounen.

E grousse Merci un all déi engagéiert Intervenanten, déi dësen Dag esou wäertvoll gemaach hunn 🙌!
E weidere Merci geet un d’Personal aus dem Lycée fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung 💪.
An natierlech och e grousse Merci un eis motivéiert Studentinnen a Studente fir hiert Engagement. Mir si frou, datt si wäertvoll Informatioune sammele konnten, déi hinne bestëmmt hëllefen, eng gutt Entscheedung a Bezuch op hir Zukunft ze treffen🎓✨.