Mauthausen 2026
Vum 7. bis den 11. Mee huet eng Grupp vun 30 SchülerInnen vum Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales begleet vun 3 Proffen zesumme mat der Amicale Mauthausen Luxembourg eng Rees an Éisträich ënnerholl, fir déi fréier Konzentratiounslager Mauthausen an Ebensee esou wéi d'Schlass Hartheim ze besichen. Dës Studierees ass mëtschgieweg vun der Oeuvre Nationale ënnerstëtzt ginn.
Wärend dëser Studierees hunn déi Jonk sech déifgräifend mat de Verbrieche vun den Nazien auserneegesat. D'Visite vun dësen historesche Plazen huet hinnen en direkten Abléck an d'Leed vun den Affer an déi inhuman Konditiounen erméiglecht, an deenen Dausende vu Mënsche wärend dem Zweete Weltkrich verfollegt, deportéiert a ëmbruecht goufen. Am Ganze goufen 176 Lëtzebuerger an d‘Konzentratiounslager Mauthausen oder an eent vun den Niewelager deportéiert. 62 vun hinnen hunn do hiert Liewe verluer.
Ee vun den déifgräifendste Momenter vun der Rees war d'Participatioun un der grousser internationaler Gedenkzeremonie vun der Befreiung, déi e Sonndeg zu Mauthause stattfonnt huet. Ronn 13.000 Leit — dorënner vill Jugendgruppen — hunn un dëser Zeremonien deelgeholl, fir zesummen den Affer d‘Éier ze erweisen an ze garantéieren, datt hiert Undenken net vergiess gëtt. Ee Schüler an eng Schülerin aus Lëtzebuerg haten déi grouss Éier, een Auszuch aus dem sougenannte 'Mauthausen-Schwur' op Lëtzebuergesch virzeliesen — e beréierende Moment, dee vun deene ville Participante mat groussem Respekt opgeholl gouf.
Et gouf och eng Renconter mam Lëtzebuerger Botschafter, dem Här Jean Graff. Zesummen ass ee Kranz beim Lëtzebuerger Denkmal zu Mauthausen niddergeluecht ginn, zu Éiere vun de Lëtzebuerger Affer vum Konzentratiounslager. D'Zeremonie huet d'Wichtegkeet vun der Erënnerungskultur an d'Verantwortung vun der jonker Generatioun, fir d'Geschicht lieweg ze halen, ënnerstrach.
Fir d'SchülerInnen, déi deelgeholl hunn, war dës Rees net nëmmen eng Studierees, mee och eng perséinlech an emotional Erfarung, déi bei hinne vill Andréck a Reflexiounen hannerlooss huet.















