Skip to main content

MediaDay 2026

Och dëst Joer war de MediaDay e grousse Succès.

Mat vill Virwëtz, Kreativitéit an Engagement sinn eis 223 Schülerinnen a Schüler aus der 2GED an déi spannend Welt vun de Medie agedaucht.

De MediaDay gouf organiséiert vun Terminals Schülerinnen a Schüler a war zu Miersch am LTPES, dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales.

A méi wéi 20 Atelieren an interaktive Statiounen hunn d’Schülerinnen a Schüler sech mat aktuelle Medientheemen auserneegesat. Dobäi goufen ënner anerem Froe behandelt wéi: Wéi erkennt een Fake-Accounts a Falschinformatiounen? Wéi privat si meng sozial Netzwierker wierklech? Oder wéi eng Geforen huet d’Spillsucht am digitale Beräich? Weider Atelieren hu sech mat digitale Trends, der Sécherheet um Internet an dem verantwortungsvollen Ëmgang mat Medie beschäftegt.

Besonnesch fir d’Schülerinnen a Schüler aus der Erzéierausbildung (2GED) war de MediaDay eng wäertvoll Erfarung. An de Workshops konnten si konkret pedagogesch Handlungsweisen an Aktivitéite kenneléieren an ausprobéieren, déi si spéider am Stage oder an hirer Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen asetze kënnen. Doduerch gouf de Bezuch tëscht Mediekompetenz an der pedagogescher Praxis direkt erliefbar.

D’Zil vum MediaDay ass et, déi jonk Generatioun op d’Erausfuerderunge vun der digitaler Welt virzebereeden an hir Mediekompetenz ze stäerken. Dobäi steet e bewossten, kriteschen a verantwortungsvolle Gebrauch vu Medie am Mëttelpunkt.

Et war en Dag voller Inspiratioun, neien Erkenntnesser a spannende Momenter d’Fotoe schwätze fir sech!

  • Hits: 37

Studierees op Mauthausen 2026

D'Reportage iwwert d'Studierees vum LTPES op Mauthausen mat der Amicale Mauthausen a mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre nationale ass online beim Uelzechtkanal: 

https://m.youtube.com/watch?v=BHfVzpF34yY&ra=m

E flotten Documentaire mat reflektéierten, interessante Stellungname vun eise SchülerInnen an Enseignanten. Bravo! Merci un den Gianni an den Uelzechtkanal!

  • Hits: 124

ET LEEFT – eng Ausstellung iwwert d’Menstruatioun

D’Klassen 1SGED08 an 1SGED09 aus dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales organiséieren an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerg City Museum de Weekend vum 13. a 14. Juni 2026 e besonneschen Take-over vun der Ausstellung ‘ET LEEFT’ ënnert der Leedung vun der Madame Rassel.
De Weekend kënne Kanner a Jugendlecher u verschiddene pädagogeschen a spillereschen Aktivitéite ronderëm d’Thema Menstruatioun deelhuelen an de Musée op eng interaktiv a kreativ Aart a Weis entdecken. All Workshops ginn op Lëtzebuergesch ofgehalen.


Umeldung:
📞 +352 4796 4500
✉️ Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.


Detailléiert Beschreiwungen zu de Workshops: https://citymuseum.lu/de/event/take-over-ein-wochenende-von-und-fuer-junge-besucherinnen/?date=1781344800


🩸 Programm um Samschden, den 13.06.2026
1. Workshop: Die Periode verstehen
Publikum: Kinder; 8 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 10:15–11:15
Max. Teilnehmer*innen: 6

2. Workshop: Wortreise durch den Körper
Publikum: Kinder; 9 bis 16 Jahre
Uhrzeit: 11:00-12:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

3. Workshop: Mary & ihre erste Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

4. Workshop: Mein erstes Perioden-Kit
Publikum: Kinder; 10 bis 15 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8

5. Workshop: Wenn der Körper erzählt: Periode im Kamishibai
Publikum: Kinder; ab 6 Jahre
Uhrzeit: 16:00–16:30 oder 16:30–17:00
Max. Teilnehmer*innen: 8


🩸 Programm vum Sonnden, dem 14.06.2026
6. Workshop: Alex und seine Fragen zur Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 13:00–14:00
Max. Teilnehmer*innen: 6


7. Workshop: Menstruation ohne Tabu
Publikum: Kinder; 10 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 14:30–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8


8. Workshop: Mythos oder Fakt? Alles über Menstruation
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 8


9. Workshop: Mission Körper – Die Reise durch die Menstruation
Publikum: Kinder; 7 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

  • Hits: 371

Fairtrade-Frühstück fir Äddi ze soen – E besonnesche Moien den 8. Mee 2026

Den 8. Mee haten all eis Premièresklassen en aussergewéinlechen, leschte Schouldag: Bei engem gemeinsame Fairtrade-Frühstück mat 300 Participanten – Schüler_innen an hir Enseignanten – hu mir net nëmmen e leckeren, mee och e bewosste Start an den Dag erlieft.

Servéiert goufe regional, saisonal a fair gehandelt Produiten, déi net nëmmen duerch hire Goût iwwerzeegt hunn, mee och duerch hir Hierkonft an duerch d’Produktionsbedéngungen. D’Zil vun dësem Event war et, d’Bewosstsinn fir de fairen Handel an eng nohalteg Konsumkultur ze stäerken – besonnesch mat Bléck op d’Roll vun eise Schüler_innen als zukünfteg Erzéier_innen a Virbiller fir déi nächst Generatiounen.

E grousse Merci geet un de GIMB-Label (gesond iessen – méi beweegen), deen dëse gelongene Moien duerch seng finanziell Ënnerstëtzung erméiglecht huet.

E schéinen Ofschloss mat Sënn, Zesummenhalt a mat engem klore Bléck an eng méi gerecht Zukunft!

Nohaltegkeetskommitee
Laurence Linster, Valérie Schandeler, Valérie Rassel 

5

1

2

3

4

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

  • Hits: 271

Kannermusée PLOMM

D’Madamm Rassel huet zesumme mat der Klass 1SGED06 de Kannermusée Plomm zu Woltz besicht.
D’Klass krut den Optrag, sech mam Ressourcenzenter auserneen ze setzen an eng kreativ Vir- an Nobereedung fir potentiell Adressat_innen auszeschaffen.

  • Hits: 310