Skip to main content

🤝🎉 Inklusiounsprojet „NOSL meets ZAK“ 🎉🤝

Den 13. Juni 2026 hunn d'Schüler*innen vun der Klass 1SGED11 vum LTPES an Zesummenaarbecht mam NOSL an dem ZAK den Inklusiounsprojet „NOSL meets ZAK“ geplangt an duerchgefouert. 🌟

Duerch gemeinsam Aktivitéiten, Spiller a vill flott Momenter stounge Spaass, Begéinung an Zesummenhalt am Mëttelpunkt. 😄🎈

De Projet huet gewisen, wéi wichteg et ass, Mënschen zesummenzebréngen, Diversitéit ze liewen a gemeinsam schéin Erfarungen ze maachen. 💙

E grousse Merci un all Participanten, un d'Teams vum NOSL an dem ZAK an un eis Schüler*innen fir hiren Engagement an hir gutt Laun! 👏✨

#LTPES #1SGED11 #NOSLMeetsZAK #Inklusioun #ZesummenStaark #SpaassMateneen #Diversitéit #Lëtzebuerg 🤝🌈✨

  • Hits: 205

Diplomfeier 2026 – Stolz op eis Absolvent*innen vun der 1SGED!

Häerzlech Felicitatiounen un all eis 1SGED Student*innen, déi hiren Diplom kritt hunn! 🎓👏

E Meindeg, de 6.7.2026, huet de Eric Thill (Ministre de la Culture et Ministre délégué au Tourisme) d'Diplomer un eis talentéiert Student*innen iwwerreecht.

Hir haart Aarbecht an hiren Engagement hunn sech gelount.

Mir wënschen Iech alles Guddes fir d’Zukunft a vill Erfolleg op Ärem weidere Wee! 🌟

Kuckt Iech dës onvergiesslech Momenter un a deelt d'Freed mat eis! 📸✨

📷 Méi Fotoe vum Owend ginn an de nächste Wochen op de Sharepoint gesat, gitt also ëmmer emol erëm dohi luussen.

  • Hits: 228

🎪🎠 Sport- a Spillfest 2026 – Motto: „Zirkus & Kiermes“ 🎠🎪

Den 20. Juni 2026 hunn d'Schüler*innen vun der Klass 1SGED06 vum LTPES mat vill Engagement, Kreativitéit a Begeeschterung e flotte Sport- a Spillfest ënnert dem Motto „Zirkus & Kiermes“ organiséiert. 🤹‍♀️🎡✨


Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer konnten op ville spannende Statiounen hir Geschécklechkeet a Sportlechkeet ënner Beweis stellen, spillen, laachen a gemeinsam eng onvergiesslech Zäit verbréngen. 🎯🏃‍♀️🎪🍭


Mir soen e grousse Merci un all d'Kanner, Elteren a Begleeder fir hir Präsenz an hir gutt Stëmmung. E spezielle Merci geet un d'Schüler*innen vun der 1SGED06, déi dësen Dag mat vill Häerzblutt geplangt, organiséiert a begleet hunn. ❤️👏


E ganz besonnesche Merci geet och un de Sportkrees Atert fir säi wäertvollen Asaz an seng Ënnerstëtzung. Ausserdeem bedanke mir eis beim ALR fir d'Bereetstelle vun der Infrastruktur an dem Material, déi zum Erfolleg vun dësem flotte Projet bäigedroen hunn. 🙏✨


Et war e gelongenen Dag voller Beweegung, Freed a schéine Momenter! 🌟


#LTPES #1SGED06 #SportASpillfest #ZirkusAKiermes #Kannerfreed #ProjetScolaire #SportkreesAtert #ALR #ZesummenStaark #SpaassFirJiddereen #Lëtzebuerg #Kannerfest 🎪🎠🤹‍♂️🏃‍♀️🍿✨

  • Hits: 223

D'Diplomiwwerreechung vun eisen 1GED Schüler*innen 2026

🎓 Donneschdeg, den 3.7.2026, huet d'Diplomiwwerreechung vun eisen 1GED Schüler*innen stattfonnt.

Den Diplom kruten d'Absolventen vum Monsieur Max Hahn (Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil) iwwerreecht.📜

👏🏻 E Bravo un all eis Laureaten a Laureatinne fir hir super Leeschtungen! 👏🏻👏🏻
Mir wënschen hinnen op hirem weidere Wee alles Guddes a freeën eis, vill vun hinnen an engem Joer den Diplôme d'État d'Éducateur/trice iwwerreechen ze kënnen.


📷 Méi Fotoe vum Owend ginn an de nächste Wochen op de Sharepoint gesat, gitt also ëmmer e Mol erëm dohi luussen.

  • Hits: 171

Schoulrees op Aix-en-Provence

Vum 28. Juni bis den 1. Juli hu 4 Schüler:innen aus der 1SGED08 an 11 Schüler:innen aus der 2GED02 un enger pädagogescher Rees op Aix-en-Provence deelgeholl.

Am Camp des Milles hunn si eng Visite guidée vun engem Deportatiounslager vum 2. Weltkrich gemaach. D'Schüler:innen hun och un engem Atelier iwwer d’Entstoe vu Virurteeler deelgeholl an sech domat befaasst, wéi Stereotyppen zu Diskriminatioun an am schlëmmste Fall bis zu engem Genozid féiere kënnen.

De kulturelle Programm gouf duerch Visitten zu Marseille ofgeronnt, ënner anerem an der Grotte Cosquer, wou d’Grupp déi impressionant prehistoresch Fielsmolereie kennegeléiert huet

  • Hits: 270