Skip to main content

D'Diplomiwwerreechung vun eisen 1GED Schüler*innen

🎓 Um leschte Donneschdeg, den 3.7.2025, huet d'Diplomiwwerreechung vun eisen 1GED Schüler*innen stattfonnt. Den Diplom kruten d'Absolventen vum Monsieur Marc Michely (Commissaire de gouvernement) a vum Monsieur Claude Wiseler (Chamberpresident) iwwerreecht.
Mir soe hinnen e ganz grousse Merci! 📜


🎹 E Merci geet och un d'Krick, wat eis de ganzen Owend mat senger musikalescher Begleedung bereichert huet an d'Stëmmung ëmmer erëm opgelockert huet.


👏🏻 E Bravo un all eis Laureaten a Laureatinne fir hir super Leeschtungen! 👏🏻👏🏻
Mir wënschen hinnen op hirem weidere Wee alles Guddes a freeën eis, vill vun hinnen an engem Joer den Diplôme d'État d'Éducateur/trice iwwerreechen ze kënnen.


📷 Méi Fotoe vum Owend ginn an de nächste Wochen op de Sharepoint gesat, gitt also ëmmer e Mol erëm dohi luussen.

  • Hits: 15