E groussen MERCI un d’Klass CCP Intégration vum CNFPC!
Fir hiren Asaz a Engagement beim Cookie Day fir den LTPES hunn si als Merci eng flott Photocollage vum Event zeréckkritt. Eng schéin Erënnerung un eng Aktioun, déi Solidaritéit, Zesummenhalt an Engagement gewisen huet. Bravo!
Am Kader vum Holocaust-Gedenkdag huet den LTPES e Moment vum Austausch a vum Erënneren organiséiert an d’Madamm an den Här Cukier-Jakubowicz empfaangen, Zeie vun der zweeter Generatioun vun der Shoah.
Duerch androcksvoll Erzielungen iwwer d’Leed, dat hir Familljen am Zweete Weltkrich hu missen erliewen, konnten ongeféier honnert Schülerinnen a Schüler sech de dramatesche Realitéite méi no bréngen, déi d’jiddesch Communautéit ënner dem nationalsozialistesche Regimm erlieft huet.
Dës Temoignagen hunn engem dacks éischter theoretesch behandelte, tragesche Kapitel vun der Geschicht eng mënschlech a gräifbar Dimensioun ginn. D’Begéinung huet domat e wichtege Moment vun der Reflexioun a Sensibiliséierung duergestallt an d’Schülerinnen a Schüler dozou ugestouss, iwwer d’Konsequenze vun Haass, Ausgrenzung a Vergiessen nozedenken.
Op eiser Personal-Chrëschtféier gouf och dëst Joer nees fläisseg fir e gudden Zweck gesammelt. Dobäi konnt souguer en neie Rekord opgestallt ginn: Insgesamt sinn 3.400 Euro zesummekomm.
Mir hu bewosst d’ASA asbl als Beneficiaire ausgewielt, well mir am LTPES selwer schonn d’Chance haten, duerch d’ASA asbl en Assistenzhond – d’Saga – finanzéiert ze kréien.
Vertrieder vum Comité de la Conférence hunn de Scheck mat grousser Freed un d’ASA asbl iwwerreecht a freeën sech, esou e wichtege Projet kënnen z’ënnerstëtzen.
D’Sarah Muller an hir Arbëchtskolleg_innen vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn eis zwou Woche laang immens fachkënneg a sympathesch duerch d’Ausstellung „Sproochen zu Lëtzebuerg“ begleet. An dëser Zäit konnten d’Klasse vun eiser Terminale, also aus dem 3. Ausbildungsjoer, un enger Rei Visitten am Beräich Linguistik deelhuelen. Ausserdeem gouf och eng IFEN-Formatioun fir d’Enseignanten ugebueden.
Nieft dësen Aktivitéite gouf och dem Yves Steichen säi Filmowend um Campus Miersch organiséiert, esou wéi eng ganz Rëtsch vu Besichtegunge fir extern Interesséierter, ënnert anerem fir de Biergerpakt.
Mir freeën eis drop, och dat nächst Joer nees mam ZLS ze kollaboréieren.
D’Participatioun um Chrëschtmaart zu Miersch, organiséiert duerch eise Projet d’établissement mam Titel ‘De Raum als 3. Erzéier_in’ an de Service socio-éducatif mam Projet Skistage 'Inklusiounswoch am Schnéi', hat d’Zil d'Schoul an der Regioun Miersch ze vertrieden, Netzwierkaarbecht ze leeschten, eis Schoulinhalter virzestellen an d’Schüler_innen aktiv mat anzebezéien.
Nieft dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks gouf fir d’éischt Kéier eis pädagogesch Roulotte präsentéiert. Kuerzgeschichten no der japanescher Erzielkonscht Kamishibai goufen de Kanner virgelies. Och Facepaintingan dekorativ, selwer hiergestallten Dekoratiounsartikele goufen ugebueden.
E grousse Merci un all déi hëllefend Hänn – besonnesch un d’Schüler_innen aus der CLIJA, der DP3ED, der 4GSO, de 2GED-Klassen an den etlechen Terminales Klassen.
Sollt Dir dëst schéint Evenement verpasst hunn, sidd Dir häerzlech invitéiert op de Chrëschtmaart um Campus Scolaire Miersch den 11. Dezember 2025 tëscht 14:00 a 19:00 Auer.