Skip to main content

Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“ 2025

Wéinst der Omnipresenz vun den digitale Bildschiermer ass d‘Beweegung ee weesentlecht Element fir d'deeglecht Gläichgewiicht ze fërderen. Et stäerkt och d‘sozial Interaktiounen an d'Entwécklung vu wichtegen anere Fäegkeeten.

Mam Symposium „Beweegung, méi ewéi nëmme Sport? Sport, méi ewéi nëmme Beweegung?“, verfollege mir als Organisateuren d'Zil fir dëser negativer Entwécklung entgéint ze wierken, andeems mir Acteuren aus de Beräicher Beweegungsfërderung bei klenge Kanner, Kanner a Jugendlechen a villfälteg Iddien an Ureegunge fir d‘Ëmsetzung am Alldag ubidden.

D'Editioun vum Symposium vun dësem Joer konzentréiert sech op Zirkus- an Outdoor- an Erliefnëspädagogik. D'Participante kënne vun zwou Keynote-Virliesungen an enger breeder Pallette vu praktesche Workshop‘e vun nationalen an internationalen Experten iwwert déi sënnvoll Gestaltung vu Sport- a Beweegungsaktivitéiten aus de genannte Beräicher profitéieren.

Um Programm stinn Aktivitéiten a verschiddene Kontexter mat an ouni spezifesch Ariichtungen (Bësch, Wiss, Sportshal, Schoulhaff an aner Ausseberäicher vu Schoulen, Beweegungsraum, Klassesall, Zirkushal) a weist op, wie beweegungsfërdernd Zirkus-, Outdoor- an Erliefnespädagogik sinn. Dobäi ginn och d‘sozial Kompetenzen implizit gefërdert, Grenzen ausgelot a Selbstvertrauen an domat Resilienz opgebaut.

Weider Informatiounen iwwert d’Aschreiwung an de komplette Programm ginn iwwer déi verschidde Kanäl verdeelt.

De Symposium ass Deel vum IFEN-Weiderbildungsprogramm (Symposium: Bewegung, mehr als nur Sport? Sport, mehr als nur Bewegung?) fir d’Participanten aus der Educatioun an d’Participatioun um Symposium gëtt och vum Service National de la Jeunesse (SNJ) (Bewegung mehr als nur sport? Sport mehr als nur bewegung? | Elisabeth forméiert) am Kader vum obligatoresche Weiderbildungsprogramm am Secteur vun der non-formaler Bildung unerkannt.

  • Hits: 54

Op Besuch bei enger neier Partnerschoul zu Aix-en-Provence

Zwou Mataarbechterinne vum LTPES waren zu Aix-en-Provence bei enger neier Partnerschoul op Besuch – der „École de la Nativité“.

Do kënnen d'Schülerinnen a Schüler vum LTPES ab dem Schouljoer 2025/26 e léierräiche Stage an der 1GED maachen!

Hues du Loscht op e Stage am Ausland a wëlls nach méi Informatiounen? Dann mell dech w.e.g. op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.!

 

  • Hits: 366

Den Ofschlossdag 2025 – Zesummen erliewt, zesummen ofgeschloss!

Gëschter, den 09.07, war de leschte Schouldag fir d'Clija, DP2ED an 2GED-Klassen. Op engem Rallye duerch den LTPES a Bieréng konnten eis Schüler a Schülerinnen sech nach eng leschte Kéier op ënnerschiddleche Statiounen als Klass ënner Beweis stellen. 💪🏻

D'Mëttegpaus hu mir eng leschte Kéier all zesumme konnte bei engem gudde Barbecue verbréngen. 🌭

Am Kader vum Ofschloss vum Schouljoer huet de „PE - de Raum als drëtten Erzéier:in“ fir de séissen Ofschloss gesuergt🍦 an och d'Gewënnerklass 2GED03 🏆 mat engem Kino-Ticket belount. 🎞️🍿

Mir soen all de Klassen, den Enseignanten a jidderengem den eng Hand mat ugepak huet villmools Merci fir hiren Asaz a wënsche jidderengem eng schéi Summervakanz! ☀️🌴

 

  • Hits: 465

Diplomfeier 2025 – Stolz op eis Absolvent*innen!

Häerzlech Felicitatiounen un all eis 1SGED Student*innen, déi hiren Diplom kritt hunn! 🎓👏

E leschte Meindeg, de 7.7.2025, huet de Max Hahn (Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil) an Annette Schmit (Commissaire de gouvernement) d'Diplomer un eis talentéiert Student*innen iwwerreecht. Hir haart Aarbecht an hiren Engagement hunn sech gelount.

Mir wënschen Iech alles Guddes fir d’Zukunft a vill Erfolleg op Ärem weidere Wee! 🌟

Kuckt Iech dës onvergiesslech Momenter un a deelt d'Freed mat eis! 📸✨
📷 Méi Fotoe vum Owend ginn an de nächste Wochen op de Sharepoint gesat, gitt also ëmmer emol erëm dohi luussen.

 

 

  • Hits: 446

MediaDay 2025 am LTPES – Eng gelongen Aktioun!

Och dëst Joer war de MediaDay am LTPES erëm e grousse Succès.

Eis Terminal-Klassen vun D1 hu mat vill Engagement d’2ième-Schüler*innen op eng spannend Rees an d’Welt vun de Medie matgeholl.

En Dag laang hunn d’Schüler*innen vun der D1 iwwer 30 interaktiv a lieweg gestalt Workshops ugebueden – alles ënnert dem Thema Medienkompetenz.

D’Zil war et, déi jonk Generatioun fir e bewossten a kriteschen Mediengebrauch ze sensibiliséieren – an dat ass hinne ganz sécher gelongen!

  • Hits: 590