Skip to main content

Diplomiwwerreechungen 2022/23

| News LU

Den Diplom an der Täsch.

Dat kënnen säit dem 06.07.2023 202 Schülerinnen a Schüler vun der 1GED aus eisem Lycée, dem LTPES, behaapten. Sie kruten hiren Diplom vun der Madamm Ministesch Sam Tanson, Kulturministesch a Justizministesch, iwwerreecht.

Felicitatiounen an e Luef un hier gutt Aarbecht.

Mir wënschen hinnen op hirem weidere Wee alles Guddes a freeën eis munche vun hinnen an engem Joer den Diplôme d'État d'Éducateur/trice iwwerreechen ze kennen.

Den 10.07.2023 goung et dann weider mat der 1SGED.

194 Studentinnen a Studenten kruten hiren Ticket fir den Antrëtt an d’Aarbechtswelt vum Här Minister Georges Engel, Sportsminister a Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, iwwerreecht.

Mir hoffen, dass sie eng schéin Zäit bei eis haten a mir wënschen och hinnen alles Guddes op hirem weidere Wee!

Mir bedanken eis och bei eisen Invitéen der Madamm WEIS Fabienne, der Madamm COUTURIER Romy an dem Här FEHRES Wolfgang vum Elterecomité, dem Här KRIER Henri aus dem Schäfferot vun der Gemeng Miersch, der Madamm DECKER Lynn aus der ENEPS, dem Här MICHELY Marc vum Educatiounsministère, der Madamm MEIER Alexia an der Madamm STEINHÄUSER Denise vun der Chambre des salariés esou wei onser Éieredirektioun, dem Här WELSCHBILLIG Henri an dem Här PRÜSSEN Paul, dass Sie un dësem Owend deelgeholl hunn a verschiddener d'Leeschtunge vun de Schülerinnen a Schüler mat engem Präis belount hunn.

E grousse Merci och u jiddereen den gehollef huet dës Diplomiwwerreechungen ze organiséieren an un all d’Leit déi sech un dësen Owender engagéiert hunn a bei diversen Aarbechten gehollef hunn.

*Fotoen a Videoe fannt dir um Sharepoint.