Skip to main content

Ausstellung EU4You(th)

| News LU

Den 19. Januar 2024 ass d'Wanderausstellung EU4YOU(th) am Lycée technique pour professions éducatives et sociales a Präsenz vun de Klassendelgéierten vun der Madamm Anne Calteux, Vertriederin vum Büro vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, dem Här Christoph Schroeder, Vertrieder vum Bureau de Liaison vum Europaparlament zu Lëtzebuerg, an der Madamm Martine Kemp, Lëtzebuerger Europadeputéiert, inauguréiert ginn. No engem kuerze Virtrag iwwert d’Institutiounen, d’Aufgaben an d’Schlësselpersounen vun der Europäescher Unioun, haten eis Schüler*innen d’Geleeënheet sech mat eise Gäscht iwwert de Green Deal an d’politesch a wirtschaftlech Situatioun vun der EU auszetauschen, eppes iwwert de perséinleche Parcours vun engem Europadeputéierten gewuer ze ginn a fir VR Brëller am Pollinator Park auszeprobéieren fir eng virtuell Erfarung.

Dës informativ an interaktiv Ausstellung ass fir individuell oder Klasse-Visitten op an zwar wärend 14 Deeg. Dir fannt se um éischte Stack virun der Entrée vun der Konferenz 1 vum LTPES.